Diskussioun:Letzeburger Scouten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dësen Artikel behandelt nëmmen d'Lëtzebuerger Scouten am 2te Weltkrich. Et gëtt awer schon en Artikel Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Sou heeschen se haut. Soll een déi 2 Artikelen net fusionnéieren? --Pecalux 09:34, 12 Dezember 2006 (UTC)

Am Artikel Lëtzebuerger Scouten steet dat de Resistenzlergrupp d' Lëtzebuerger Scouten sech mat der Lëtzebuerger Legioun zesummegedo hat an zur Lëtzebuerger Vollekslegio'n fusionéiert huet.
Ech gesinn do awer d'Relatioun tëschent der Lëtzebuerger Vollekslegio'n an de Lëtzebuerger Guiden a Scouten net. Duerfir géif ech keng Fusioun vun den Artikelen maachen a d'Lëtzebuerger Scouten als Resitenzorganisatioun an engem eegenen Artikel stoe loossen. (Fir mech als Aussenstehenden ass zwar déi ganz Struktur vum Scoutisem zu Lëtzebuerg mat all hire Verbänn / Féderatiounen an déi sech Verband / Ferderatioun nennen e Buch mat siewe Sigelen.)
--Fliedermaus 11:40, 12 Dezember 2006 (UTC)
Erklärungen an den 2 Artikele wiere vläicht ubruecht. Fusionnéiren ass menger Meenung no net gutt aus 2 Grënn
  • 1)De Scoutissem u sech huet am Fong neischt mat Resistenzbewegungen ze dinn. (Ech denke net datt dat an hire Statute verankert ass, éischter de Contraire. Wann dach da sinn ech fir Fusionnéieren mat engem Redirekt)
  • 2)Et ass net gewosst op déi Resistenzbewegung vun de Scouten alleguer matgedroe ginn ass, et war wéi ech verstanen hunn eng Bewegung vun enger bestëmmter Grupp Leit aus dem Lëtzebuergesche Scouttissem. Da soll dat och mat engem eegenen Artikel erfirgestrach ginn.
Les Meloures 12:05, 12 Dezember 2006 (UTC)

E puer Erklärungen:[Quelltext änneren]

  1. D'"Lëtzebuerger Scouten" hunn ënnert dësem Numm scho laang virum Krich a nach laang nom Krich bestanen, ouni eppes mat Resistenz ze dunn ze hunn. Dofir kann ee net ënnert dem Lemma "Lëtzebuerger Scouten" en Artikel schreiwen deen nëmmen d'Aktivitéiten während der Resistenz behandelt.
  2. D'"Lëtzebuerger Scouten" hu virun ongeféier 15 Joer mat de "Lëtzebuerger Guiden" fusionéiert an heeschen vun do un "Lëtzebuerger Guiden a Scouten".
  3. Wann et gewënscht ass, en eegenen Artikel iwer d'Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz ze placéieren, da soll en och esou genannt ginn: Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz.
  4. Meng Propose war esou ze verstoen: Komm mir setzen d'Resistenzaktivitéiten vun den LS an en eegene Kapitel vum Artikel Lëtzebuerger Guiden a Scouten. Ech hätt et jo direkt selwer gemaach, mee ech wollt den Auteur net iwwergoen: Deen ass vill méi kompetent wéi ech.

--Pecalux 14:48, 12 Dezember 2006 (UTC)

Zousätzlech Erklärungen[Quelltext änneren]

Ech hun den Talk iwwert d'Lëtzebuerger Scouten gelies. Merci fir den Hiwäis an all Suggestiounen. Hei meng Bemierkungen:

  • L.S. (Lëtzebuerger Scouten) war den offizielle Numm vun deem Resistenzgrupp. An all Publicatioun iwwert d'Resistenz get de Resistenzgrupp (L.S.) ënnert daer Bezeechnung mentionnéiert.
  • Den Tony Noesen, Georges Everling a Jean Muller waren Kommissären vun de Lëtzebuerger Scouten, wéi se deemols geheescht hunn a koumen aus den 3 Bezierker: Zentrum, Norden a Süden. Si waren also repräsentattiv. Och den Aloyse Hentgen, den deemolege Chef vun de Lëtzebuerger Scouten, huet als Resistenzler an der zweeter Rei matgemaach. Si konnten also, ënner den deemolegen Ëmstenn, de ganze Mouvement engagéieren, deen also domatt an den Ënnergronn gang ass..
    • Duerfir géiw ech de ganzen Artikel (Lëtzebuerger Scouten , L.S.), comme tel bestoe loossen, mee an den Artikel iwwert 'd'Lëtzebuerger Guiden a Scouten, e Paragraph bäisetzen iwwert d'Resistenzaktivitéten vun de Lëtzebuerger Scouten am Zweete Weltkrich, mat engem interne Link op d'Säit L.S.

ernmuhl 08:13, 14 Dezember 2006 (UTC)

Salut,

Mer schénge mat de Cheffen en Dictionnaireskonflikt ze hunn. Den DFL seet Cheffen an der Méizuel. Les Meloures 12:32, 1 Mee 2007 (UTC)