Diskussioun:Loutrengen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gëtt Louthrengen net mat H geschriwwen?

--Luxmaster051 11:18, 19. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Et ass méiglech, mä firwat soll et.
An der Schreifweis vun 1999 steet näischt driwwer, beim Braun och net, ausser datt bei griichesche Wierder den th bäigehale gëtt. Den DFL seet Lothrengen a Louthrengen, also mat th, schéngt sech awer mat de Vokaler net eens ze sinn. Éier mer ons Fränjelen un d'Lëpse schwätzen, oder Fangere wond tippen, ass et vläicht besser mer waarde bis den héichoffiziellen LOD beim L ukomm ass. Mä mat deenen hirer Vitesse kann et nach ee Strapp daueren.
Déi englesch Wiki mengt et wier Lotharingia an déi spuenesch seet Lotaringia ouni h. D'Wiel weem mer eis kënnen uschléissen ass deemno do. D'Latäiner soen Lotharingia soen awer am lëtzebuergesch-franséische Platt wier et Loutréngen.

Wann ee weidersicht fënnt ee vläicht nach Varianten.

Les Meloures 12:04, 19. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Salut, a vill Gléck am neie Joer!!!

Ass Loutrenge wiirklech déi eenzeg franséisch Géigend (Régioun), déi un 3 Nopeschlänner grenzt? D'PACA grenzt dach un d'Schweiz, un Italien an u Monaco, oder?

Bis geschwënn, ReDi

Ups! Hu mech verkuckt. D'Schweiz grenzt NET un d'PACA... Sorry. ReDi

loutrengesche Patois[Quelltext änneren]

Moien, wier et net sennvoll aus dem loutrengesche Patois den loutrengesche Platt ze maan oder einfach nemmen loutrengesch? Dei meescht Loutrenger schwätzen jo vum Platt an net vum Patois, daat wier jo dann eischter den Patois francique mosellan? BG --Reuter jerome (Diskussioun) 03:23, 16. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]