Diskussioun:Louvain-la-Neuve

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Nei-Léiwen""[Quelltext änneren]

Ech si komplett géinnt daat Wuert, et sief et huet een daat schon héieren. Ech hu bis elo emmer nemme Louvainhéieren. De Sënn vu Wikipedia ass et eis Sprooch un aaner méi no ze brégen an net eng nei ze erfannen. D'autant plus ass eng Characteristique vun der Sprooch, dass mer vill franséisch Wieder benotzen.

--Jangli 19:50, 9 Oktober 2005 (UTC)

Moien,
ech si mt dénger Appréciatioun d'accord: dass mer nëmme Wieder sole gebrauchen déi et och esou ginn. Am Fall hei vu LLN wollt ech dat mat "Nei-Léiwen" emol ausprobéieren - ëmmerhinn heescht dat och Nieuw-Leuven op flämesch (an 'anscheinend' Neu-Löwen op däitsch). Wann s du mer awer sees, daee Begrëff wier total onbekannt an ongbräichlech, dann huel et einfach nees eraus aus dem Artikel.

--Zinneke 22:07, 9 Oktober 2005 (UTC)

Ass ebe just well ech d'Letzebuerg emmer nemme Louvain soen heieren! Gëtt et nach een dee vläi eng Meenung doriwer huet? --Jangli 12:52, 10 Oktober 2005 (UTC)

Ma de "google". Gëff emol "Lëtzebuerger Studenten zu Léiwen" an. An op der LSZ-Säit (http://www.lsz.lu/index.php?loc=studium,links) steet "Lëtzebuerger Studenten zu Léiwen". Ech selwer hunn et schonns Dosene Mol héieren. --Cornischong 13:11, 10 Oktober 2005 (UTC)

Fier "Leuven" hun ech och kee Problem dermat. D'Letzebuerger do, waar soss am Cercle "Letzebuerger zu Léiwen", mee fier Louvain-la-Neuve hun ech et eben ni heieren. Mee ech well mech net dergéinnt setzen wanns de mengs et kann een nei-Léiwe soen. Hu scho laang virun dass ech Wikipedia entdeckt hun doriwer nogeduecht, mee wéi gesoot nach ni héieren am Gebrauch (fier Louvain-la-Neuve selbstverständlech).

--Jangli 13:26, 10 Oktober 2005 (UTC)

Et ass alles an der Rei:-) Den Artikel bleift "Louvain-la-Neuve". Kee Problem! Du erënners dech, wéi ech mol ugeklappt hat wéinst der "Méiglechkeet" (!) vun engem "lëtzebuerger Numm". Mer halen awer mol d'Oueren op. Villäicht kënnt nach eppes no. Dat ass jo de Wiki-System. --Cornischong 13:42, 10 Oktober 2005 (UTC)

Louvain-la-Neuve ass keng Staad[Quelltext änneren]

Louvain-la-Neuve ass eigentlech keng Staad. D'Staad heescht Ottignies-Louvain-la-Neuve, an ass entstaan duerch d'Fusioun vun de Stied Ottignies a Louvain-la-Neuve. Duerfier misst een eigentlech éischter soen: e "Staaddeel" mee ech wees net op daat daat richtegt Wuert ass. --Jangli 10:29, 22 Mäerz 2007 (UTC)

Du hues Recht; dat mat der Stad an der Gemeng war muedebëtzeg. Nach eppes: Wéi s de gesäiss, hu er nach ëmmer keng Fotoen an eisem Artikel. Kéins de mol e puer Mol op de Knäppchen drécken? Merci. --Cornischong 10:43, 22 Mäerz 2007 (UTC)

) ech kucke waat ech fannen. Mee di meescht muss ech zenséieren. --Jangli 10:52, 22 Mäerz 2007 (UTC)

Awer lo net Kalzongen driwwermolen! Dat fält op.  :-)) --Cornischong 10:58, 22 Mäerz 2007 (UTC)