Diskussioun:Luxemburger Marienkalender

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Luxemburger Wort huet nach ni e Marienkalender erausginn. De "Marienkalender" huet iwwerhaapt net Mariekalender geheescht. De Mariekalender heescht guer net méi Marienkalender. --Cornischong 17:40, 27 Januar 2007 (UTC)

Moien, ech schaffen an der Imprimerie déi den Kalenner erausget ;) an hun och den neie Layout gemach. Elo hun ech gesin dass ët hei en Artikel iwwert deen gët an wollt och den neien Cover, deen ech och gemach hun, eroplueden. Ech gin zou, ech sin nei hei an sin elo net direkt eens gin ... d'Bild kruet ech awer eropgelueden

http://lb.wikipedia.org/wiki/Bild:417px-Pano08.jpg

wann ech soss eppes kann hellefen? pierre

Moie Pierre,
ech setzen Der dat Bild gär an den Artikel. Allerdéngs feelen nach op der Bild-Säit (esou wëllen dat d'Wikipedia-"Spillreegelen") Informatiounen zum Auteur an zu der Lizenz, ënner deeër d'Bild publizéiert gëtt. Dës Lizenz muss "fräi" sinn, dh, se muss Aneren erlaben, dat Bild wéi se wëlle weiderzeverwenden. Wann dat fir Dech (an däi Patron?) an der Rei ass, setz déi Informatiounen op d'Säit vum Bild. Lies virdru w.egl. och nach eng Kéier d'"Eroplueden"-Säit duerch, do ass dat méi genee explizéiert.
Wann eppes net kloer ass, zéck net ze froen.

Bescht Gréiss, --Zinneke 11:47, 29. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]