Diskussioun:Lycée de garçons de Luxembourg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Nowent, ech hu Lycée de garçons de Luxembourg op Lycée de garçons Luxembourg geréckelt: sou nennen si sech op hirer Websäit. An ech ginn emol dervun aus datt si wësse wéi se heeschen. - --Cayambe 17:16, 30. Sep. 2008 (UTC)

... mee elo just fannen ech déif op hirem Wesite: Lycéee de garçons DE Luxembourg :-(
Ech maache mäi bescht fir hire 'richtege' Numm eraus ze fannen. - --Cayambe 17:24, 30. Sep. 2008 (UTC)

Salut,

Nëmmen sou eng Iddi,

Am Artikel selwer geet vun engem Gesetz riets. Steet de richtegen Numm net vläicht dodran. An ass vläicht net de richtegen Numm dee fir all Schoul deen den am Gesetz steet, eegal wéi d'Schreifweis ass. Fir aner Saache si jo och schliisslech Gesetzestexter massgebend. Les Meloures 17:42, 30. Sep. 2008 (UTC)

Vill Spaass mam Arrêté grand-ducal, do steet leider iwwerhaapt näischt Präzises dran, just datt d'Industrie- an Handelsschoule vu Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht elo Jongelycéeën heesche sollen. Domadder dierft den Zousaz "Lëtzebuerg" keen offizielle si mee just ee fir déi zwee Jongelycéeën auserneen ze halen, wat erklärt firwat dee stater sech net fir eng eenzeg Schreifweis decidéire kann. Bei eisem Artikel iwwert deen Escher steet keen "de" am Lemma, also géif ech proposéiren et eenheetlech ze maachen - wa mer net direkt am Lemma vu "Jongelycée (Esch-Uelzecht)" a "Jongelycée (Stad Lëtzebuerg)" schwätze wëllen (cf. Nummkonventioun 6). --Otets 19:36, 30. Sep. 2008 (UTC)

Remoien
Wéi nenne mer deen heiten dann op Lëtzebuergesch? Lycée Technique Mathias Adam.
Perséinlech fannen ech datt mer amgaange sinn, ons selwer e bësselchen dronken ze maachen.
Les Meloures 20:23, 30. Sep. 2008 (UTC)
Dee géif ech esou si loosse wéi en ass, dat ass jo kee "beschreiwenden" Numm. --Otets 15:41, 1. Okt 2008 (UTC)

Moien. Ech hun e klengen Detail iwwert den Architekt vum Jongelycée dobaigesat. Inhaltlech misst dat richteg sin, ech si mer awer net secher op d'Orthographie richteg as... Verbesserungen sin also erwënscht.