Diskussioun:Lycée technique agricole

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

NB: Am LTA kann en net nemmen "Bauer" an "Gärtner" leiren, mee och Emwelttechniker (mat der Ausbildung kann en och "Fierschter" gin) an Méchanicien fir Landwirschaftsmaschinen. Ausserdem sin d'Ausdréck "Bauer" an "Gärtner" en Simplizissmus, den ech mir net an der Wikipedia erwaard hätt. En Schüler aus dem LTA.

Léiwen anonymen User,
D'Wikipedia ass eng oppen Enzyklopedie, wou jiddereen säi Wësse ka weidervermëttelen an/oder Feeler vun aneren User ka verbesseren, also och DU.
Wanns de schonns op dëser Diskussiounssäit däi Pefferkär bäilees (wat däi gutt Recht ass), da bass de garantéiert och amstand den Artikel Lycée Technique Agricole esou ze verbesseren wéi s'du mengs dass e misst sinn. Also fäert nët: Als Schüler bass du jo quasi predestinéiert fir der lëtzebuergescher Wiki bei dësem Thema weiderzehëllefen.
Ech proposéieren der awer fir dech anzeloggen, da sinn deng Beiträg besser ze verfollechen.
Op eng gutt Zesummenaarbecht! --Pecalux 09:09, 30 Mäerz 2007 (UTC)

(mat der Ausbildung kann en och "Fierschter" gin)

Soll dat alt an deem Sënn stëmmen ?? freet ee Fierschter. Les Meloures 09:15, 30 Mäerz 2007 (UTC)