Diskussioun:Märel (Stad Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Märel)

Wéi maache mer et mat der Homonymie, fir de Quartier an de Villchen net ze verwieselen? Réckeler mer dësen Artikel op Märel (Quartier) oder maache mer eng Säit Märel (Homonymie)? --Tomateus 08:06, 29 Dezember 2006 (UTC)

Ech wier fir Märel (Homonymie) :-) --Alexandra 08:24, 29 Dezember 2006 (UTC)

Menger Meenung no wier et besser fir den Artikelnumm "Märel (Stad Lëtzebuerg)" fir Quartier Märel ze huelen, analog zu "Gronn (Stad Lëtzebuerg)", "Hamm (Stad Lëtzebuerg)", "Belair (Stad Lëtzebuerg)"...--Fliedermaus 09:08, 29 Dezember 2006 (UTC)

Am beschten ass et wuel, d'Säit "Märel" bitt en Dysambiguatiouns-Link op "Märel (Villchen)" a "Märel (Stad Lëtzebuerg)" un. den Inhalt vun dëser Säit hei misst deemno op dee leschtgenannten Artikeltitel geréckelt ginn (an d'Linken drop geännert). Wa jiddfereen domat liewe kann, maachen ech dat méi spéit am Dag. --Zinneke 09:48, 29 Dezember 2006 (UTC)

Ok, ech kann domat liewen :-) --Alexandra 10:50, 29 Dezember 2006 (UTC)

Mäi Seegen hues du och. ;-) --Fliedermaus 11:25, 29 Dezember 2006 (UTC)

Ok, dem Zinneke seng Propositioun fannen ech och am beschten. --Tomateus 13:50, 29 Dezember 2006 (UTC)

Gudd Propositioun allerdéngs géif ech Märel (Vull) schreiwen. Dëst einfach well mer dee Fall nach warscheinlech méi dax kréien a mer net ëmmer den Ënnescheed mache wéini datt e Villchen oder e Vull ass. Sou wir et an der Rei fir all d'Vullen déi nach op en anere Numm trëllen. Et kéim mir e bësselche komesch vir wa mer Adler (Villchen) géife soen. Les Meloures 14:00, 29 Dezember 2006 (UTC)