Diskussioun:Mëllerdall

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, ech schloe vir (Alternativ 1), de Lemma Mëllerdall fir d'Géigend anzeféieren.

Uewen op der Säit steet dann (Schabloun):

Dësen Artikel behandelt d'Géigend Mëllerdall. Fir d'Uertschaft Mëllerdall kuckt Mëllerdall (Uertschaft)

Begrënnung: déi allermeeschte Lieser wëllen ënner Mëllerdall eppes iwwer d'Géigend gewuer ginn.

D' Alternativ 2 ass eng Homonymiessäit, z.B. esou:

Mëllerdall ass:

Wéi et elo ass: Mir hunn den Artikel Kleng Lëtzebuerger Schwäiz... an deem den Numm Mëllerdall fir d'Géigend eréischt déif ënnen ze fannen ass.

Begrënnung fir d'Ännerung:
1. Kleng Lëtzebuerger Schwäiz gëtt am geschriwwene Lëtzebuergeschen esou gutt ewéi guer net gebraucht (oder iwwersinn ech do eppes?). Dee Begrëfff gëtt et haaptsächlech am Däitschen (Kleine Luxemburger Schweiz) an am Franséischen (Petite Suisse luxembourgeoise)

2. An der geschwatener Sprooch, gëtt Kleng Lëtzebuerger Schwäiz guer net gebraucht.
Mir soe jo: en Ausfluch an de Mëllerdall, an net ... an déi Kleng Lëtzebuerger Schwäiz.

3. No der Ännerung gëtt et dann e Redirect vu Kleng Lëtzebuerger Schwäiz op Mëllerdall.

Mir gefällt d' Alternativ 1 am beschten. Ier ech d'Ännerung maachen, wollt ech Är Meenung héieren. Beschte Gréiss, --Cayambe 17:01, 30. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

D'accord mam Cayambe, a fir déi éischt Propose. Les Meloures 17:56, 30. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, ob déi Géigend "Mëllerdall" oder "Kleng Lëtzebuerger Schwäiz" gnannt soll ginn, ass eng typesch lëtzebuergesch Provinzposse, déi zënter Joerzéngten dauert, an dofir net esou einfach ze beäntwerten ass. Et gi fervent Unhänger vun der enger an der anerer Denominatioun. Déi eng mengen, "Mëllerdall" giff déi homonym Uertschaft (an d'Horescabetrieber do) vis-à-vis vun deenen aneren Dierfer bevirdeelegen, déi aner hätte gär eng koherent Denominatioun, déi een no baussen den Touriste verkafe kann, woubäi och do keng Eenegkeet besteet, wéi déi wier. Souguer wou déi Géigend ufänkt, ass net kloer: Fir déi eng fänkt de "Mullerthal" schonn op der Autobunn am Gréngewald un, fir déi aner ass d'Géigend duerch déi Dierfer definéiert, deenen hir Syndicat-d'initiativen an enger bestëmmter Entente zesummegeschloss sinn, kuerz, e Gewurrels sonnergläichen.

Ech sinn d'accord, dass am Artikel zu der Géigend d'Bezeechnung "Mëllerdall" méi prominent als Homonym schonn am Ufankssaz ervirgehuewe gëtt. Ob deen awer elo weider "Kleng Lëtzebuerger Schwäiz" oder "Mëllerdall" (ob mat oder ouni "(Géigend)" derhannert heesche soll, kann ech beim beschte Wëllen net soen... --Zinneke 20:20, 30. Jun. 2010 (UTC)[äntweren]

Wat gehéiert eigentlech zur Géigend Mëllerdall? All déi Uertschaften déi op der Kaart vum ONT ze fanne sinn, oder misst een dat méi restriktiv gesinn?--Fliedermaus 09:01, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, d'Äntwert dorop wäert esou eendeiteg sinn, wéi déi, wéi dat Dengen heescht ... Hei eng Kaart, déi déi Gemengen opzielt, déi sech fir e LEADER-Programm zesummegedoen hunn: http://www.mullerthal.lu/Gemeinden.php --Zinneke 09:42, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Nodréiglech zu deem wat ech uewe schrouf: Et schéngt, wéi wa sech beim Nummkonflikt ëmmerhin e salmomonesche Kompromiss am Gaang ass, sech erauszeschielen: D'Appelatioun "Région Mullerthal – Petite Suisse Luxembourgeoise" gëtt op d'mannst vun der Entente mam selwechten Numm propagéiert... --Zinneke 09:47, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien a merci dir d'Äntwert. Ech hu mol déi 15 Gemenge vum Grupp Leader Müllerthal an den Artikel gesat.--Fliedermaus 13:56, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien
Wat jo awer emol opfällt, ass datt déi zwou Säiten de Mëllerdall an éischter Linn stoen hunn.
Les Meloures 16:46, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, ech war mer scho bewosst datt een hei sou munches diskutéiere kann.
1. Wéi den Zinneke scho sot: et gëtt keng Konsensus-Definitioun fir de Mëllerdall = Kleng Lëtz. Schwäiz.
Am mMn beschte Buch iwwer de Mëllerdall (Krippel, Koord., 2005) gëtt an der 'Einleitung' eng 'wëssenschaftlech' Definitioun virgeschloen: d'Géigend um Lëtzebuerger Sandsteen op däer den Ilex aquifolium (de: Stechpalme) seng natiirlech Verbreedung huet. Déi Géigend geet da vum Uelzechtdall bis un d'Dall vun der Sauer. Dës Definitioun huet awer wéineg Unhänger fonnt.
2. En exzellenten historeschen Iwwerbléck iwwer den Urspronk vun de Begrëffer 'Müllerthal' a 'Kleine Luxemburger Schweiz' huet de Jos Massard am selwechte Buch publizéiert (S. 15-33) (a wat jo och am Kapitel Den Numm hei am Artikel beschriwwen ass). Dat mat engem Schlësselsaz op S. 28, ënner dem Titel: Kleine Luxemburger Schweiz oder Müllerthal?:

Welches Gebiet die Kleine Luxemburger Schweiz genau umfasst ist alles andere als klar.

3. Den Zinneke schreift ganz richteg, datt e Konsens am Entstoen ass, an zwar op der Basis vum Programm Leader + Mullerthal, dat ënner dem Numm Région Mullerthal - Petite Suisse Luxembourgeoise (sic fir d'Schreifweis :-), mat 15 Gemengen. Hei nach eng Kéier de Link. Wa mir de Lemma Mëllerdall (Géigend) aféieren, hu mir also duerfir mam Leader eng gutt Referenz.

4. D'Wiki-Enzyklopedie soll mMn esou praktesch ewéi méiglech ze benotze sinn (dobäi awer d' 'Wierklechkeet' korrekt duerstellen). Praktesch ass mMn wann een als Lieser mat Mëllerdall direkt op Mëllerdall (Géigend) kënnt.

Dohir koum meng Propos hei uewen.

Op Basis vun der Diskussioun hei driwwer, proposéieren ech d'Definitioun vum Leader Programm z'iwwerhuelen, mat de 15 Gemengen also, sou wéi et elo schonn do steet, mee e bëssi méi affirméiert. Meng Propos mat de Lemmaen (Alt. 1) halen ech oprecht (sinn awer natiirlech net béis, wann se 'net duerchgeet'.) --Cayambe 17:19, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, wann et verschidden Definitioune vum Mëllerdall ginn kann ee mMn och déi eenzel Definitiounen mat hirem Kontext an den Artikel setzen. Déi 'wëssenschaftlech' Definitioun schéngt mir op jidde Fall intressant ze sinn fir am Artikel z'ernimmen. --Fliedermaus 17:43, 1. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]