Diskussioun:Made in Luxembourg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien a Merci fir de "Kaderartikel". Lo ass nach d'Fro, wéi mär mat deem Ausdrock hantéieren. Loosse mär an déi Katagorie alles, wat zu Lëtezbuerg gemaach gëtt oder gesi mer dat méi enk a mer setzen do nemmen dat dran wat de "Label" dréit. Ech hunn doriwwer gebruckt a mengen, mär hunn näischt mat dem "offizielle" Label ze dinn; fir eis ass et just eng Kategorie. Wéi gesäiss du dat? --Cornischong 10:15, 3 September 2005 (UTC)

Moien, a merci fir deng Iwwerleeungen, hei musse mer effektiv oppassen, dass mer net duerchernee kommen. Am Fong as deen Artikel hei geduecht, fir dee Label vun den Hanwierks- an Handelskummeren ze beschreiwen: wat ass et, wee kann e kréien, asw. (woubäi et relativ allgemeng soll inn, déi juristesch genee Coditioune vum Gebrau asw. sinn an deem Reglement nozeliesen, op dat verwise gëtt). Am Artikel ass och Plaz, op dat ze verweisen, wat Dir virschwieft: Artikelen iwwer Lëtzebuerger Produkter (meeschtens wuel Liewensmëttel), à la Ltz Moschter, Esseg, Meuniers- a Piwelspäckelcher, asw. Dës hunn (warscheinlech) all dë "Kréngelkrounelogo", sou dass een einfach vum Artikel heihinner verweise kann.
Wat elo d'*Category* "Made in Luxembourg" ugeet, sou ass dat effektiv eng intern Klassfikatioun, déi mer selwer definéieren. Theoreetesch kinnten do deemno Saachen drastoen, déi zwar net dee Logo droen, mee vun deene fonnt gëtt, dassen se hei an d'Kategorie passe kinnten. Praktesch gesinn ech do awer wéineg Konfliktpotential, well ze soen alles, wat zu Lëtzeburg esou u Saache fir de Stot produzéiert gëtt (vum Roboto bis zum Berdorfer Youghurt) menges Wësses dee Logo huet.
--Zinneke 10:39, 3 September 2005 (UTC)

Un de Roboto hat ech mol net geduecht ;-) Kee Problem mat "eiser" Definitioun. Wann s de "Loscht" drop hues, an e bëssen eng Hand mat upaks (den Otets huet jo och schonns de Bic am Grapp), da kréie mer eng ganz interessant Serie zesummen, déi "am google gutt ze fannen" (!!!) ass. Wann nach keen et gesinn huet (http://www.wort.lu/articles/3725797.html). Wa mer dann (?) nach d'Brécken duerch hunn bleiwen nëmmen nach "Kierfechter zu Lëtzebuerg" :-) --Cornischong 11:09, 3 September 2005 (UTC)

Made in Luxembourg ass net den Numm vum Noper sengem Hond, mee eng Marque. Wéi séier esou Label- a Provenancegeschichten um Geriicht lande kënnen hues de jo mat den Thüringer gesinn. Ech géif mer do net onbedingt wëllen d'Fangere verbrennen. Wann s du Produkter an deer Kategorie ophuele wëlls, vun deenen s de genee weess datt se de Label net hunn, da miss de dat awer mat iwwergrousse Buschstawe keenzeechnen oder, besser, deng Kategorie "Lëtzebuerger Produkter" nennen. An der Praxis huet den Zinneke awer wuel Rescht, well dierft net vill Relevantes ze fanne sinn, wat dee Label net huet. --Otets 21:36, 3 September 2005 (UTC)

OK. 't ass genee dat, u wat ech och schonns geduecht hunn. Cat --> "Lëtzebuerger Produkter" --Cornischong 00:07, 4 September 2005 (UTC)


Wa mär eis net drëm këmmeren
Ech huelen un dat déi Suen domat maachen. An deem Fall bekëmmert ee sech vläicht éischter drëm. Les Meloures 11:53, 17. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]