Diskussioun:Maison-Cronière

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien,

Vläicht weess een op den Haff en nach e lëtzebuergeschen Numm huet.

Les Meloures 17:30, 21. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, Di Koordinaten déi ugi sinn weisen op e Schéissstand. Vun enger Maison-Cronière gesinn ech op kenger Kaart eppes. Ass dat trotzdem korrekt esou? --MMFE (Diskussioun) 22:15, 23. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Op der Topo-Kaart 1:50 000 vu 1927 ass eng Maison Cronière agezeechent, ongeféier op de Koordinaten 49°30'26,2"N 5°51'07,6O. Allerdéngs ass dat e Punkt deen am Frankräich läit. Do besteet also nach Klärungsbedarf. --Pecalux (Diskussioun) 05:50, 24. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Um Internet-Site http://gov.genealogy.net/item/show/BACHLEJN29WM ass eng Maison Cronière ernimmt, déi och nach La Cronière oder Bachermühle genannt gëtt.
Am Emile Erpelding sengem Buch "Die Mühlen des Luxemburger Landes" fënnt een dës Baachermillen och ënnert dem Numm Rohrbachmühle (Rohrbach ass den däitsche Numm vun der Crosnière). Dës Millen louch direkt un der Crosnière, déi hei d'Grenz mat Frankräich mécht.
D'Koordinaten am Artikel weisen tatsächlech op de Schéissstand. Lo muss een awer wëssen dass dës fräi Plaz eréischt entstanen ass well dat jorelaang den Déifferdenger Dreckstipp war an de Müll do einfach an d'Natur getippt ginn ass.
Fazit: D'Koordinaten am Artikel si falsch. --Pecalux (Diskussioun) 13:21, 24. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Merci fir déi Informatiounen. Da ware meng Zweiwele jo berechtegt. Ech mengen ech muss mer dat emol eng Kéier op der Plaz ukucke goen.--MMFE (Diskussioun) 21:15, 24. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]