Diskussioun:Marcel Noppeney

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

4. Abschnitt vun der Biographie: Do steet, den Noppeney hätt refuséiert, säin Numm ze änneren. Dat kann net richteg sinn, well d'Famill Noppeney kënnt urspénglech aus dem Tréierer Land, sou datt de Numm souwisou een däitschen Numm ass. Vgl. Gilbert TRAUSCH: Le Luxembourg sous l'Ancien Régime (...), 3. Bd. vum Manuel..., 1977 (1. Oplo), S. 76 -> Bilddokument! -- 83.99.24.232

Pour Info: den Numm Noppeney huet hollännesch Originnen (perséinlech Matdeelung vum Professer Frank Wilhelm). --Christian Ries 09:52, 19. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Et geet am Artikel waarscheinlech just ëm de Virnumm "Marcel". --Otets 16:18, 21. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Jo, den Henri Koch-Kent schreift dass d'Preise wollten dass hien de Marcel a Marzellus géing änneren --Jwh 20:52, 18. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
Et wier flott, wann déi Präziséierung kéint als Foussnout an den Artikel agebaut ginn. A wéi enger Publikatioun schreift den Henri Koch-Kent doriwwer? --Christian Ries 07:18, 19. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien, Säit 178 am Henri Koch-Kent raconte...remémore, relève, rectifie. Ech setzen dat Buch mol vive derbäi --Jwh 08:29, 19. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
Merci, ech hunn dat elo als Referenz an den Artikel gesat. --Christian Ries 09:27, 19. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]