Diskussioun:Martelange

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mat dësem a besonnesch deem "anere" Maarteleng kréie mer nach eppes ze maufelen. Wa mer der belscher Uertschaft e lëtzebuergeschen Numm ginn, muss et M"aa"rteleng sinn. Mee bei der lëtzebuerger Uertschaft gëtt et méi quokeleg. Am Vollek gëtt se Maartel genannt, mee et misst Maartel/Rombech (off. Martelange/Rombach) sinn. Mär ernimmen am "Rammerech"-Artikel niewent "Rombech, Rombach/Martelange" nach e "Haut/Martelange". De Josy Braun kennt nëmmen e "Maarteleng". (vum Cornischong de 24. Dezember 2005)

"Zu Gremeleng oder Grëmelcher": Wou ass dat dann nees? --Cornischong 10:59, 29 September 2006 (UTC)

Oder a awer vläicht net[Quelltext änneren]

Et gëtt Zäit, datt mer eis emol op den Datum vun der Camionsexplosioun eenegen. De P.J. Muller gëtt a sengem "Tatsache aus der Geschichte Luxemburgs" den 21. August 1967 un a schreift vu "40.000 Liter Benzin". Hei ( http://users.swing.be/guyde/pages/martel5.htm ) steet et wier den 31. August gewiescht. Eemol war et sonndes déi aner Kéier méindes.--Cornischong 13:24, 7 Mee 2007 (UTC)

De swing.be schreift uewen den 31. August an drënner den 21. August. An dat sollt den Artikel vum Bernard Meeus aus dem

Le Soir Illustré vum Mercredi 19 Août 1992 sinn. --Cornischong 13:48, 7 Mee 2007 (UTC)

Wa mer eis eens sinn dass et am August 1967 war, da war den 21. e Méindeg an den 31. en Donneschdeg. Normalerweis komme méindes net vill Leit an der Mëttesstonn aus der Kierch, mee, well et soll Kiirmesméinden gewiescht sinn, ass dat trotzdeem méiglech. Also ass d'Wahrscheinlechkeet ganz grouss datt d'Accident Méindes, 21. August 1967 geschitt ass. --Pecalux 15:30, 7 Mee 2007 (UTC)
Ma da sinn ech berouegt. --Cornischong 15:38, 7 Mee 2007 (UTC)