Diskussioun:Marto-Pillo

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hydraulesch gedriwwen ??[Quelltext änneren]

Gudde Moien.

Ënnert enger Foto steet: "En hydraulesch gedriwwene Marto-Pillo". Ech gesinn awer nëmmen 2 grouss Rieder déi, menger Meenung no, geduecht ware fir d'Maschinn mat Rimmen unzedreiwen. An deem Fall ass et "E mechanesch gedriwwene Marto-Pillo". Par-contre gesäit een op der 3. Foto uewen um Apparat en décken an derniewt e klengen Zylinder. Also schéngt dat "en hydraulesch gedriwwenen" ze sinn. Mee, jidderee ka sech ieren, an ech och. A well ech mer net secher sinn, hunn ech och näischt am Artikel verbessert. --Pecalux 05:53, 19 Juli 2007 (UTC)

Salut,
Hydraulesch gedriwwen ass alles wat mat Wasserkraft ugedriwwe gëtt, wéi fréier och all d'Apparaten an de Millen déi bei enger Baach louchen. Déi goufen och iwwer e Rimmesystem ugedriwwen deen d'Kraaft duerch déi ganz Millen op déi verschidden Apparater verdeelt huet.
Déi Himmer goufen a Frankräich och nach Mouton oder Marteau à cames genannt. Sécher ass datt all déi vu virun 1871 mat Waasserkraaft gedriwwe goufen, well et bis do nach keen elektresch gouf. Ganz genee ass et esou, datt am hydraulesche Systeem déi kinetesch Kraaft vum Wasser an eng mechanesch ëmgesat gëtt.
Hydraulesch gëtt awer och nach all Apparat genannt deen um Prinzip vun der hydraulescher Press baséiert. Dat ass bei de Marto-Pilloen déi mat Damp gedriwwe ginn awer net de Fall. Do gëtt den Drock net duerch en hydraulesche Pompelsysteem gemaach.
Dee méi klengen Zylinder hei nieft dem Groussen, ass sou wäit wéi ech verstanen hunn de Steiersysteem.
Sou bal wéi ech eng Kéier de Spezialist vun den Atelieren ëm Léck bei Hand hunn, (e weist sech ongeféier eemol de Mount), gëtt dat nogefrot.
Zur Info:hei niewendrun um Bild den Hummer deen zu Le Creusot gebraucht gouf.
Merci fir deng ausféierlech Erklärung. Et kann ee nëmme bäiléieren. --Pecalux 09:18, 19 Juli 2007 (UTC)


Lo hu mer en de-Link op "Fallhammer" an en en-Link op "Steam hammer". Dat kann nach komplizéiert ginn, well am de-Artikel "Gesenkschmiedehammer" sinn där Kläpper nach méi ernimmt. An dee mat de Nockwell steet an de en-Wiki als "Trip hammer" an dräi Modellen ouni Billi. --Cornischong 14:56, 20 Juli 2007 (UTC)