Diskussioun:Miami Beach

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Deen et laang huet, dee léisst et laang hänken[Quelltext änneren]

An der en-Wikipedia steet "As of November 2007 the Mayor is Matti Herrera Bower." An eiser Këscht steet "eppes anescht". Vun deenen, déi onbedéngt den Numm vun de Buergermeeschtere wollten an de Këschten hunn, sinn der net méi vill ze gesinn. Déi aner Trëllerte kënne sech jo lo domat amuséieren. Iwwregens, wéi hei no engem Numm gesicht gouf fir "Virlagen" , hat schonns ee vu Schabloune geschriwwen. Natierlech ass Virlagen ugeholl ginn. --Cornischong 13:47, 24. Mäe 2008 (UTC)

Sealskëschtchen an der Këscht ouni mat eppes dran[Quelltext änneren]

Zënter dem Mäerz 2006 hu mer eng Këschtchen an der Këscht, an där "Bild:MiamiBeachSeal.gif" steet. Bis elo hunn ech de "Seal" nach ni gesinn. Ass et den Alter? --Cornischong 13:59, 24. Mäe 2008 (UTC)


Ech sinn derfir datt mer iwwerall an den auslännesche Këschten déi Rei mat der Bevëlkerungsdicht eraushuelen, an och déi vun de Buergermeeschteren. Mer kréie knapps déi lëtzebuergesch an der Rei gehalen. Les Meloures 14:01, 24. Mäe 2008 (UTC)

De Këschtefetischismus liicht mer vun Ufank un net an. Dat Beispill Miami Beach mat engem Text "Miami Beach ass eng vun de meeschtbesichte Stied a Plagen am Staat Florida, an den USA.", dee kee Schwanz vun Informatioun huet, weist et . Déi Zuelen an der Këscht kucken ech léiwer guer net méi no! ALLES, dat an der Këscht steet, léisst sech an engem valabelen Text verschaffen, an deem een erkläre kann, wou déi Zuelen iwwerhaapt hierkommen. Wann et egal ass, wat an de Këschte steet, da brauche mer keng. Ech schreiwen hei vu Stiedkëschten, an net vun deene vun den Déieren, bei deenen et gutt ass, fir de "Stammbam" Famill, Aart an deeës méi ze matzekréien. Ass et wierklech schäissegal, wat bei den Awunnerzuele steet?? Preisesch Wiki, koppigepéisst an da leeft et. Informatiounen iwwer Miami Beach zesummenzesichen a fënnef Sätz ze schreiwen, eng, zwou valabel Fotoen dranzepraffen, dat ass, wéi et schéngt, net "dran". --Cornischong 14:58, 24. Mäe 2008 (UTC)

Zwee Joer Kabes[Quelltext änneren]

A wa mer schonns derbäi sinn: Am November 2005 schreift den Otets "Miami Beach zielt 89.104 Awunner (1. Juli 2004" Datt eng Stad ziele kann, ass natierlech kolossal. Am Mäerz 2006 setzt d'Alexandra eng Këscht dran, an där "valign="top"| Awunner: || 89.700 (2004)" steet. Dobäi bleift déi al Zuel natierlech stoen. Wat denke Leit, déi esou eppes hei fannen? --Cornischong 15:09, 24. Mäe 2008 (UTC)