Diskussioun:Minettsgéigend

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am artikel steet, mier Minetter giffen "äessen" fier "iessen" soen... mengen dat stemmt awer net sou ganz... gett "äessen" net éischter an der Mierscher Géigend gesot? --JimHawk 22:20, 3 Jan 2005 (UTC)

Moien Jimhawk,

Wat "se" zu Miersch soe, weess ech nët, sécher ass, dass mär (an net mir!;-) "Stackminetter" äesse soen. Sou steet et och beim Palgen.

Zinneke 09:40, 4 Jan 2005 (UTC)

As warscheinlech nemmen an der Déifferdanger Géigend sou... 195.218.20.210

Naja, ech als ageflechten Minetter soen zuar och "äessen" fier "iessen" genauso sou ewei de recht vun de Leit dei ech kennen. 80.90.52.44

Jo, mee de Süden ass grouss. Net an alle Südgemenge gëtt "äessen" gesot. --Otets 15:38, 23 Mee 2005 (UTC)

Jo, du hues Recht de Süden ass grouss. Mee et ass ganz secher net den ganzen Süden den och am Minetter Dialekt schwetzt. Wei zumbeispiel d'Gemeng Koplescht-Briddel!!!

D'Gemeng Koplescht läit am "Bezirk Süden", mee net an der "Géigend Minette". U sech hat ech mat "Süden" just de "Minette" am enke Sënn gemengt, also just déi Géigend, wou och Minette am Buedem läit. Sorry wann dat net kloer war. Natierlech gëtt et och Leit ronderëm Stad Lëtzebuerg, déi nach mengen, séi géifen am Minette liewen - dee Begrëff gëtt dacks iwwerstrapazéiert a mécht et dofir och net grad einfach, en Artikel driwwer ze schreiwen. --Otets 16:53, 25 Mee 2005 (UTC)

Ech wëll hei mäin Pefferkär och bäileeën ! - Nëmmen fir d'Rei voll ze maachen. Bei eis zu Käl an zu Diddeleng gëtt och Iessen gesoot. --SITCK 13:45, 5 Oktober 2006 (UTC)

Wei ass et dann elo richteg Minett oder Minette?--80.90.52.44 14:33, 25 Mee 2005 (UTC)Caroline Scheferz

Äntwert fir d'Caroline[Quelltext änneren]

Caroline, du hues ganz Recht, wann s de déi Fro stells. Well d'Géigend gëtt no menger Meenung "de Minett" genannt: "hie wunnt am Minett", "en ass vum Minett an d'Éislek geplënnert", si hunn am Minett en Haus kaaft". Mär kommen dorops zréck, an zwar hei. Mee e Wuert un dëch: Wier et flott fir hei e bësse matzeschaffen. Leit, déi esou kritesch liesen sinn hei ëmmer wëllkomm. --Cornischong 14:53, 25 Mee 2005 (UTC)

Dat ass effektiv eng kniwwleg Fro. Ech menge mech entsënnen ze kënnen datt et déi wou Schreifweise gëtt. Mee ech loossen do léiwer de Cornischong eng ultimativ Schreifweisrecherche maachen. --Otets 16:53, 25 Mee 2005 (UTC)

D'Wuert kënnt jo aus dem Franséischen, an ass den Diminutiv vu "Mine". Deementspriechend ass déi franséisch Schreifweis "Minette" fir dat Gestengs sécher net falsch.

Bei der Iwwerdroung op d'Géigend (am Fong ass "de Minett(e)" jo eng Kontraktioun vu "Minett(e)sgéigend"), an intressanterweis engem Genuswiessel ("de" Minett(e)) kinnt een dowéinst effektiv argumentéieren, dass dee Schluss-E e bësse glungen ass (männlech Wierder mat enger "-ette" Endung gëtt et soss ménges Wëssens keng).

Mee ech fäerten, nach méi verwuerelt wir et, wa mer 2 verschidde Graphiën hätte, je nodeem, ob et sech em d'Steng oder d'Géigend handelt.

Dofir plädéieren ech fir de Stgatus quo: "Minette" mat "E", an e Redirect vu "Minett" fir déi, déi ënnert deem Stéchwuert sichen...

--Zinneke 22:14, 25 Mee 2005 (UTC)

Ech hunn nogefrot. E bësse Gedold wann ech gelift. --Cornischong 22:36, 25 Mee 2005 (UTC)

Wann et sech erausstellt dat et Minett a Minette gëtt, da musse mir 2 Artikelen opmachen mat engem Redirect ass da nëtt gedoen. Johnny Chicago 23:03, 25 Mee 2005 (UTC)

Eis Groussmeeschteren hu geäntwert a gemengt: "D'Géigend ass ganz kloer männlech a gëtt Minett geschriwwen." Beim Gestengs ass et méi kriddleg, do fënnt een heiansdo och "Minette", mee awer och "Minett". Fir d'Leit net ze verkuebelen ass et besser net mat halwen Ausnamen ze fueren a konsequent och fir d'Gestengs "Minett" ouni "e" ze schreiwen. Déi eenzel Redirecten hunn ech virun e puer Minutte schonns gesat. --Otets 19:24, 26 Mee 2005 (UTC)

Hallo, an Merci fir är vill Noforschungen. Ech hun er och gemet. Also Minette hun se den Minettesteen genannt. An Ourtschaft heescht Minett. --80.90.52.174 15:48, 2 Jun 2005 (UTC)Caroline Scheferz--80.90.52.174 15:48, 2 Jun 2005 (UTC)

Klengt effektiv logesch. A fir déi, déi sech iewer verkuebele sollte, gëtt et jo Redirects. Hu mer och den ok vum Cornischong fir e "Minette (Geologie)"? --Otets 16:19, 2 Jun 2005 (UTC)

Jo, mär hunn deen. (Ech hat zwar u "Mineralogie" geduecht,mee .... )--Cornischong 16:52, 2 Jun 2005 (UTC)


Copie Talk aus dem Redir Minettesgéijend[Quelltext änneren]

Dësen Artikel gëtt et schonns ënnert Minett (Géigend zu Lëtzebuerg). --Tomateus 16:42, 9 Abrëll 2007 (UTC)

Um Spaweck[Quelltext änneren]

D'Rubrik Um Spaweck schéngt mir iwwerlaascht mat Linken op Stied. Vläischt missten déi geläscht ginn, an d'Gemengen, déi zum Minette gehéieren, kéinten am Artikel opgelëscht ginn? Wat halt Dir dovunner? --Christian Ries 17:34, 7. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]


Lëtzebuergesch Auteure schreiwe vun 106.000 ha am Ganzen.
Ech huelen un datt een op déi kënnt wann een déi Parti déi bei Nanzeg läit nach mat derbäirechent. Les Meloures 20:18, 4. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]