Diskussioun:Moritz August von Thümmel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dierf ech frëndlech umierken, dass hei d'Interwikië feelen, d'Kategorien an d'Androen op d'Dag- a Joeressäiten. Ech weess, dat ass net terribel spannend, mee ouni déi verléiert den Artikel 50% vu sengem "Wäert", well en "onsichtbar" ass.

Et wier schéin, wann déi reegelméisseg Mataarbechter et sech zur Routine méichen, dat selwer ze maachen; ech giff am Fong och léiwer Artikele schreiwe wéi hannert aneren hirzekoschteren... --Zinneke 12:18, 13. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech schléisse mech dem Zinneke an där Saach un, leider vergësst een alt emol dat eent oder dat anert. Flott wier et och, wa Mataarbechter déi sech nei Kategorie wënschen, sech d'Méi géife maachen se och selwer eropzeleeden an och alt emol en Interwiki drop ze maachen . Wa jidderee sech drop verléisst datt vläicht en aneren et mécht da leeft net vill. Les Meloures 12:36, 13. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]