Diskussioun:Spackelter

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Mullebutz)

Mullebutzestrauch???? Ass Strauch net e béssen däitsch. Ech hunn dat Wuert Mullebutzestrauch nach ni héieren. Dat wëllt awer näischt heeschen. Wou kann ech doriwer eppes fannen ? ~~

Ech hunn am 6000 Wierder d'Wuert mat Strauch oder Trausch iwwersat. --Alexandra 08:53, 17. Mäe 2008 (UTC)

Den DFL seet Trausch an an der Méizuel Traisch a Getraisch. De Mullebutzestrauch kennt en och net. Les Meloures 09:00, 17. Mäe 2008 (UTC)


Wa mer de Mullebutzestrauch net fannen gëtt geläscht. Les Meloures 18:54, 17. Mäe 2008 (UTC)


Der Mullebutzstrauch det is de Strauch mat deem seng Friichte de Mullebutzenthei gemaacht gëtt.


@Mëllur: An den 81.244.xxx det is de Mëllur, wann e seng apomixesch Zëppche kaaacht. Wiën hett daat gedööscht. Alles wat mer nöt faanen gööt gelescht. Sau as öt, Mëllur, sau as öt. An döse gehaimen Zéiten önnerchraiwe ëch nett. (vum: Dat Krappegt vu Sëll)

Kënnercher: Et war sou richteg flott. Mer hunn eis kapott gelaacht. Schreift eppes am Artikel bäi oder gitt nees an de Sänti spillen. Déi Geschicht mam 81.244.xxx huet och schonns e Baart. An déi mam Mabus (dat ass dee mat de 64 ISO), an déi mam Statistiker .... --Cornischong 14:46, 18. Mäe 2008 (UTC)


Gudde Moien,

Et ass vläicht zevill verlaangt, mee ech froen dann awer mol nach eng Kéier wéi dat mat deem Mullebutzestrauch ass.

Vu datt den Auteur vun dësem Artikel net reagéiert froen ech dann déi aner Benotzer: Ka vläicht deen een oder aneren deen de Klees huet nokucken op deen de Mullebutzestrauch kennt. Les Meloures 14:11, 26. Mäe 2008 (UTC)

Ech hunn de Klees net, mee et gesäit aus, wéi wann dat d'Fruucht vun enger Zort Wëlle Rousen ass (wéi se genee géint Spackelter ofgegrenzt gëtt, misst eis och am beschten e Botaniker soen). --Zinneke 15:25, 26. Mäe 2008 (UTC)
Also ech mengen dass et e Mullebutzstrauch net gëtt. Souwäit ech wees ass Mullebutz keng Fruucht vun engem bestëmmten Strauch oder Trausch mä et ass e Sammelbegrëff fir eng bestëmmten Form vu Fruucht déi vu verschiddenen Zorte Planzen ofstame kann. Mam Begrëff vun de Rouse läit den Zinneke net esou schlecht. Et geet an déi Richtung. Mä wéi hien och seet, am beschten e Botaniker froen...... --Alexandra 16:23, 26. Mäe 2008 (UTC)