Diskussioun:Musée d'art moderne grand-duc Jean

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déck Baken a grouss Fotoen[Quelltext änneren]

Wann een, dee kee Fanger gerouert huet, fir den Artikel iwwer de Mudam op d'Been ze setzen, sech op eng Kéier hei asetzt, seng Foto misst so grouss wéi se all sinn, kéint sech emol Gedanke maachen, wat op senger Foto ass. Ass do "De Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean" ze gesinn? Ech gleewen net. Et ass emol net den hënneschten Deel ganz drop. Wa mer wëllen en Iwwerbléck ginn, wat do gebuede gëtt, da geet et net duer, fir e puer Stécker Bëtong an e puer Meter Carré Glas ze weisen. Well am Artikel schonns e Problem mat der Plaz ass (do sinn nach ëmmer keng Fotoë vu Konschtwierker dran), hat ech alt geduecht, fir emol zwou Fotoen dran ze setzen, déi engem e Begrëff kéinte ginn, wéi dat iwwerhaapt ausgesäit. Dorun, datt hei een d'Maueren ausgeet, well seng Foto, déi, wéi gesot en Deel vun der hënnerschter Fassad weist, net esou grouss wier wéi déi, déi dat Elementart vum Gebai weisen (d'Gebai mat der Entrée an déi grouss Hal), hat ech net geduecht. Datt et nëmmen een eenzegen Artikel iwwer déi Kënschtler gëtt, déi am Artikel ernimmt ginn (an et sinn der vill) fält natierlech engem, deem et net drëm geet, datt et soll konstruktiv weidergoen, net an. Dat kënne jo "déi Aner" maachen, déi hu jo méi Gewunnecht. Ech schloe vir, d'Foto ""De Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean" eng Zäitchen op d'Haaptsäit ze setzen, selbstverständlech an enger Gréisst vun 420px. --Cornischong 22:39, 14 August 2006 (UTC)


Kënschtler, déi nach net hei ausgestallt ginn[Quelltext änneren]

Wier et net "flott", wann heiansdo deen Een oder deen Anere sech géing ee vun de ville Kënschtler op d'Broscht huelen an e "valabelen" Artikelchen zerwéieren? Fir sech z'inspiréieren Kuckt och an der Wiki fr. an en. --Cornischong 01:31, 15 August 2006 (UTC)


Statistiken[Quelltext änneren]

De Mudam-Artikel huet an der

  • fr-Wiki: 1510 Wierder
  • nl-Wiki: 872 Wierder
  • lb-Wiki: 668 Wierder (an dobäi sinn ech frou, datt den Zinneke dat esou gutt an iwwerhaapt gemaach huet; fir net falsch verstanen ze ginn!)

Vun der Kënschtlerlëscht (eng 43 Nimm) sinn der blo an der

  • fr-Wiki:alleguer
  • nl-Wiki:9
  • lb-Wiki:2

An hei gëtt sech mat Fändelcher, mat Lemmessen, a mat Kategorien amüséiert! --Cornischong 22:47, 26 August 2006 (UTC)

Hëllef vum Mudam?[Quelltext änneren]

Bonjuer, Ech këmmere mech em d'Internetpräsenz vum Mudam a ging gären, wann dat gewollt ass, hei mat hëllefen dës Säit up to date ze halen. Ech kann déngen mat Texter (leider net direkt op lëtzebuergesch iwwersaat) a Fotoen... Eng Visite vun de lëtzebuerger Wikipedianer wier och viirleicht eng flott Saach! Këmmere mech gär drëm dat ze organiséieren. Mäi Numm ass Germain Kerschen, dier erreecht mech iwwer mail g.kerschen@mudam.lu am beschten. Hoffen et ass Interessi do. Merci am viraus. Germain

Ech setze mech emol mam Här Kerschen a Verbindung. Well ech déi Woch vum 8. August zu Lëtzebuerg sinn, wollt ech proposéiern, do e RV ze huelen. Falls nach een intresséiert wier, sot hei bescheed.

--Zinneke 17:20, 27. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]