Diskussioun:Nëttel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wa mer déi däitsch Nimm fir d'Stied an d'Gemengen am Landkrees Tréier-Saarbuerg net wëllen, da sinn emol gespaant op de lëtzebuergeschen Numm fir "Pellingen" (Pelleng?), "Hinzenburg" (Hënzebuerg?), "Freudenbuerg" (Freedebuerg?), "Schleich" (Schläich?), "Ralingen" (Raaljen?) --Cornischong 01:02, 9 Dezember 2005 (UTC)

Wa mer schonn eegener hunn, da gebrauche mer se och. Op se engem direkt afalen oder eréischt méi spéit ass do jo egal. --Otets 12:19, 9 Dezember 2005 (UTC)

Eng Bemierkung nach zu Nëttel. Virun e puer Deeg sin ech op der lëtz. Säit laanscht d'Musel gefuer, an dun ass mer e ganz grousst Scheld bei Nittel opgefall, dat do laanscht d'Bunn steet, an op deem Nëttel steet. Dun duecht ech, wann si et schons selwer Nëttel schreiwen, firwat da nëtt an der Lëtz, Wiki. Johnny Chicago 12:43, 9 Dezember 2005 (UTC)

Hei ass eng Lëscht vun de Stied an de Gemengen am Landkrees Tréier-Saarburg (oder Saarbuerg): "Aach | Ayl | Baldringen | Bekond | Bescheid | Beuren (Hochwald) | Bonerath | Damflos | Detzem | Ensch | Farschweiler | Fell | Fisch | Föhren | Franzenheim | Freudenburg | Geisfeld | Greimerath | Grimburg | Gusenburg | Gusterath | Gutweiler | Heddert | Hentern | Herl | Hermeskeil | Hinzenburg | Hinzert-Pölert | Hockweiler | Holzerath | Igel | Irsch | Kanzem | Kasel | Kastel-Staadt | Kell am See | Kenn | Kirf | Klüsserath | Konz | Kordel | Korlingen | Köwerich | Lampaden | Langsur | Leiwen | Longen | Longuich | Lorscheid | Mandern | Mannebach | Mehring | Mertesdorf | Merzkirchen | Morscheid | Naurath (Eifel) | Naurath (Wald) | Neuhütten | Newel | (Nittel) | Oberbillig | Ockfen | Ollmuth | Onsdorf | Osburg | Palzem | Paschel | Pellingen | Pluwig | Pölich | Ralingen | Rascheid | Reinsfeld | Riol | Riveris | (Saarburg) | Schillingen | Schleich | Schoden | Schömerich | Schöndorf | Schweich | Serrig | Sommerau | Taben-Rodt | Tawern | Temmels | Thomm | Thörnich | Trassem | Trierweiler | Vierherrenborn | Waldrach | Waldweiler | Wasserliesch | Wawern | Wellen | Welschbillig | Wiltingen | Wincheringen | Zemmer | Zerf | Züsch": Kann ee mer soen, fir watfir Uertschafte mär en eegenen Numm hunn? An op Grond vu wat? Mer kënnen dach net laanscht d'Musel fueren a kucken, wat fir Schëlder "si" laanscht d'Bunn stoen hunn. Merci am Viraus. --Cornischong 23:10, 10 Dezember 2005 (UTC)

Ech kenne just Doosber a Mäerzeg, mee déi sinn net dran an denger Lëscht. U Saarbuerg hunn ech par conter scho geduecht, wollt et awer nach net hoart soen. Naurath (Eifel) gëtt op d'mannst emol Naurath (Äifel). Dat mam laanscht d'Bunn fuere fannen ech eng gutt Iddi. En anere kéint dat deemnächst roueg maachen. A wat mer net direkt richteg hu kënne mer jo spéider ëmmer nach op de stacklëtz. Numm réckelen. --Otets 01:29, 11 Dezember 2005 (UTC)

"Op Grond vu wat?" war d'Fro. "Vierherrenborn" ass natierlech einfach: "Véierhärebur". "Trierweiler" a "Welschbëlleg" si souwisou stacklëtzebuergesch Nimm. "Longen" ass jidderengem e Begrëff, wien hat sech net emol erkaalt? "Neuhütten" gëtt méi komplizéiert, geet et do ëm Schmelzen oder Häipen? "Zemmer" wäert wuel en Treema kréien, a schonns ass dat och geritzt. --Cornischong 00:51, 11 Dezember 2005 (UTC)

"Op Grond vu wat?" war d'Fro a "laanscht d'Bunn fuere" war d'Äntwert. Erfanne géif ech net onbedingt alles. Wéi gesot, "wat mer net direkt richteg hu kënne mer jo spéider ëmmer nach ... réckelen". --Otets 02:05, 11 Dezember 2005 (UTC)

Ech fannen dat Thema hei net méi terribel witzeg. Wa kee mer erkläre kann "op Grond vu wat" mer déi däitsch Uertschaftsnimm "iwwerdroen", da kann ech mer meng Froe spueren. --Cornischong 01:28, 11 Dezember 2005 (UTC)

Auslännesch Uertschaftsnimm[Quelltext änneren]

Ech sin der Meenung wann e lëtzebuerger Numm fir auslännesch Uertschaft besteet solle mer deen an der lëtzebuerger Wiki gebrauchen, déi auslännesch Wikien machen dat och. Zb: Lüttich an der däitscher, Aix-la-Chapelle an der franséischer, an esou weider. Ech hu fréier och geduecht mir sollten eis un den offizielle Numm vun Uertschaften halen, awer mir schreiwe schliesslech eng lëtzebuerger Wiki, firwat da net déi lëtzebuerger Nimm gebrauchen? Et ass bei äis an der Wiki besonnesch léiw, wann een do enner Saarburg liest dat zu Saarburg eng Saarbuerg steet, wa mer der Buerg de lëtz. Numm ginn, da musse mer och d'Uertschaft Saarbuerg nennen, esou wéi och hei am Land fir Saarbuerg gesoot gëtt.

NB: Wann eis lëtzebuerger Kanner haut schons net méi wëssen wéi déi geleefeg Uertschaften hei am Land op lëtzebuergesch heeschen, da solle mir an der Wiki alt versichen Uertschaftsnimm déi et op lëtzebuergesch gëtt, och esou ze schreiwen.Well ech fannen et schlëmm dat an engem 6. Schouljouer d'Kanner den Schoulausfluch op Vianden maachen an net op Veianen.

Johnny Chicago 10:43, 11 Dezember 2005 (UTC)

Et kënnt méi seele vir, dofir ass et e ganz besonnesche Grond fir ze feieren: ech sinn zweehonnertprozenteg mam Johnny Chicago averstanen! --Otets 17:00, 11 Dezember 2005 (UTC)