Diskussioun:Nicolas Gonner-Nau

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am Annuaire 87/88 vun der Stad Lëtzebuerg ass eng Ofschrëft vum Dafregëster vun der Poar Rëmeleng. Do schreift dem Nicolas Gonner-Nau seng Mamm sech mam Meederchersnumm Orian, mee dat hu se deemools wuel net sou genee geholl. Seng spéider Frô ass datselwecht Joer gebuer wéi heen, den 1. Abrëll 1824, als Duechter vum Schmatt Henri Nau an der Régine Grimler - ech weess net op dat an dësen Artikel gehéiert, mee hei ass d'Informatioun mol op alle Fall conservéiert. --Otets ♣ 16:53, 13. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

De Fernand Lorang seet an der Hémecht, de Bouf wier zu Lamadeleine an net zu Rolleng gestuerwen. Weess ee méi? --Otets ♣ 23:44, 13. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Lamadelaine a Rolleng sinn déiselwecht Uertschaft. ☺ --83.99.95.140 07:00, 14. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]