Diskussioun:Nicolas Schummer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kann een dat confirméieren, wat hei am Artikel steet? --Cornischong 00:27, 12 Juli 2007 (UTC)

Confirméiere kann ech et net. Wann awer d'Biissener Bevëlkerung schonn e Monument opriicht, dann muss jo bal eppes dru sinn. Eng Foto vun dësem Monument wier natierlech wëllkomm. --Pecalux 07:15, 12 Juli 2007 (UTC)


Am S. Hoffmann senger Publikatioun "Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg", steet op der Säit 16: "A. Raths décide de créer à Bissen son propre mouvement de résistance, sous le nom de <<Letzebuerger Legioun>> (L.L.)...En septembre 1940 Aloyse Raths élabore d'abord des statuts pour son futur mouvement de résistance, puis essaie de gagner des sympathisants. Le 27 octobre 1940 il réunit à Bissen, dans l'atelier de menuiserie appartenant à la Famille Pierre Schummer, quelques connaissances...il (den A. Raths) leur revèle l'existance du mouvement de résistance appelé L.L. ... A. Raths évite néanmoins qu'il en est le fondateur et se présente comme simple recruteur de ce groupe de résistance. Après lecture des statuts, il propose à ses amis d'adhérer au mouvement. Peu de temps après, ces derniers sont assermentés par Aloyse Raths et deviennent ainsi les premiers membres du L.L."

"Den Nicolas Schummer ... war ee vun de Grënner vun der Letzeburger Legio'n", wéi et am Artikel steet, schengt menger Meenung net ganz richteg ze sinn. Et ass awer gutt méiglech dat den Nicolas Schummer (wéi de Pierre Schummer) ee vun den éischte Memberen vum L.L. war.--Fliedermaus 08:54, 13 Juli 2007 (UTC)

Et ass haut relativ schwéier fir déi korrekt Donnéen ze fannen, an zwar aus enger ganz einfacher Ursach: Well et sech ëm Resistenzler gehandelt huet, déi nëmmen am Ënnergronn aktiv waren an op kee Fall sollten ëffentlech bekannt ginn, sinn deemols kaum Schrëftstécker ugeluecht a scho guer net versuergt ginn. Mir mussen eis haut op mëndlech Aussoen vun den Zäitzeie verloossen. Déi deemoleg Acteuren hu gär eng "Mauer des Schweigens" ronderëm hir Persoun opgeriicht, aus Sécherheetsgrënn. Wéi nom Krich op eng Kéier Medaillen verdeelt gi sinn, sinn et zwou Zorte vu Resistenzler ginn: Déi eng, déi sech esou gutt am Krich getarnt haten dass kee Mënsch eppes vun hinnen héieren a gesinn hat an déi herno dreimol "hei" geruff hunn fir eng Medail (oder nach méi) ze kréien, an déi aner, déi am Krich Dag fir Dag an ënner Liewensgefor um Dill ware fir hire Matbierger ze hëllefen an déi nom Krich grad esou bescheide wéi virdrunn weidergelieft hunn an op all Unerkennung verzicht hunn. Fazit: Och Resistenzler sinn oder waren nëmme Mënsche wéi anerer och, mat hire Feeler an (On)Dugenden.
Aus déier Ursach sin och d'Aussoe vun Zäizzeie mat Viirsiicht ze genéissen. Et war an ass net ëmmer alles wouer wat esou verzielt gouf. Ech weess souguer vu ganz béise Reiwereien ënnert de verschiddenen Organisatiounen oder Resistenzler.
Am Fall Schummer kann ech mer net virstellen dass en eenzelne Personnage eng Organisatioun gegrënnt hat. Grad ewéi wann haut en eenzelne Sänger eng Chorale géif grënnen. Et waren der bestëmmt méi. Dass den A. Raths déi dreiwent Kraaft war, ass net ofzestreiden. Op elo de Nicolas Schummer Grënner oder Matgrënner war, ass menger Meenung no net esou wichteg. Wichteg ass nëmmen dass se am "selwechte Boot" souzen. --Pecalux 09:43, 13 Juli 2007 (UTC)

Ech war gëscht zu Biissen an hu mat Leit geschwat. An ech wäert dëse Weekend nach eng Kéier dohi goen. Duerno weess ech méi; e bësse Gedold. --Cornischong 10:26, 13 Juli 2007 (UTC)