Diskussioun:Nicolas Steffen-Pierret

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De LuxLex an den Autorenlexikon 2007 ginn zwee verschidden Geburtsdatummen. Ech hunn dee vum Autorenlexikon hei agesat. Cayambe 19:06, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Literaturangab[Quelltext änneren]

Follgend Literaturangab

Eis aal sprooch Nr.1: Een Dokument vun der Lëtzebuerger Sprooch:"Dëm N.S. Pierret fir sein 100ten Doudes-Dag". ISBN 3-906359-10-7

kéint rouheg vollstänneg uegfouert ginn nom Schema:

Fammilljennumm a Virnumm vum Auteur (nom abc), Joer, dann Titel, Säitenzuel, Verlag, Uertschaft, ISBN.

Einfach copy-paste wéi hei am Beispill doriwwer ass vläischt praktesch, mä nët richteg an erliichtret engem d'Opsiche vun dem Dokument nët, wat awer en Haaptzweck vun enger Literaturangab ass.

--Christian Ries 10:01, 23. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech hu meng Literaturangab rausgeholl.An dësem Fall weess ech net wéi ech dat soll an Äre Schema setzen. Ech explizéieren : Bei der Publikatioun vun den Éditions Heinen "Eis al Sprooch" handelt et sech ëm Sammlunge vu lassene Blieder an enger klenger Oplag. An der Nummer 1 sinn et eng Auswiel vu sengen Texter mat Kuurzbiographie-Notizen.
--Pepe 10:51, 25. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Gudde Mëtteg Pepe, hei nach emol däin Zitat:

  • Eis aal sprooch Nr.1: Een Dokument vun der Lëtzebuerger Sprooch:"Dëm N.S. Pierret fir sein 100ten Doudes-Dag". ISBN 3-906359-10-7

Wann een "Eis aal sprooch" ënnert http://aleph.etat.lu sicht, fënnt een dat heiten:

Eis aal Sprooch : Een Dokument vun der Lëtzebuerger Sprooch
Luxembourg : Ed. Norbert A. Heinen
Nr.1 : Drop geschlon dass Kwonke fléien
Nr.2 : Een Dram
Nr.3 : D’Geschicht vum Lëtzeburger Collège

Wann ee dann op Nr. 1 klickt kënnt dat heiten:

Steffen-Pierret, Nicolas
Drop geschlon dass Kwonke fléien / N.S. Pierret. De Lëtzeburger Gréchen
Lëtzebuerg : Ed. Norbert A. Heinen, 2002
[4] f. dans une chemise en plastique
(Eis aal Sprooch ; Nr.1)
Eis aal Sprooch
Exemplaire numéroté
Erausgin bei der Geléënheet vum 100. Doudesdag vum N.S. Pierret (1823-1899)
ISBN 	3-906359-10-7

Dat ergëtt formatéiert dat heiten, wat am Artikel kann agesat ginn:

  • Steffen-Pierret, Nicolas, 2002. Drop geschlon dass Kwonke fléien. De Lëtzeburger Gréchen. Lëtzebuerg : Ed. Norbert A. Heinen. Eis aal Sprooch Nr. 1. Erausgin bei der Geléënheet vum 100. Doudesdag vum N.S. Pierret (1823-1899). ISBN 3-906359-10-7.

Soss kanns Du och de Benotzer Fliedermaus froen, hien ass do méi Spezialist ewéi ech. --Christian Ries 14:32, 25. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Hëllef --Pepe 10:48, 27. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]