Diskussioun:Organization of the Petroleum Exporting Countries

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Sheikh Ahmad Fahad Al Ahmad Al Sabah (Kuwait),: (1. Januar 2005 – haut) - Adnan Shihab-Eldin (Kuwait), (fir den Al Sabah): (1. Januar 2005 – haut)" : Bis haut. Abee jo. Kann et sinn, datt dat net stëmmt? "Wee" sollt dat dann nokucken? freeet sech de --Cornischong 14:53, 30. Mäe 2008 (UTC)

"Südkorea huet firgeschlo, fir en Zesummeschloss vun de Länner déi Petrol importéieren ze grënnen, als Géigegewiicht zu der OPEC." Tatsächlech?! A wéini war dat? A wat ass doraus ginn? --Cornischong 15:01, 30. Mäe 2008 (UTC)

Moien, fir mol bei der schonns sou dack bemängleter Héiflechkeet ze bleiwen,
Dës Lëscht gouf den Abrëll 2006 ugeluecht a war deemols schonn net méi aktuell. Dat gëtt da glécklecherweis vum Cornischong, Gott séi es gedankt, no bal 2 Joer entdeckt, an e freet sech Wee soll dat dann nokucken?
Hat en et vläicht schonn nogekuckt éier en hei d'Fro gestallt huet? Well ech do net esou sécher konnt sinn hunn ech et och alt emol nogekuckt a weess och elo datt déi Opzielung net komplett ass.
Dat geet mir am Prinzip fir mäi perséinleche Bedarf duer. Am Numm vun der Wiki froen ech dann elo Wee soll et dann elo nach eng Kéier nokucken a Wee soll et verbesseren? Les Meloures 16:35, 30. Mäe 2008 (UTC)


Nach eng Bemierkung, déi net berouegt.
Et ass net déi eenzeg Opzielung oder Lëscht déi net aktualiséiert ass!!
Dräi Froen dozou:
  • 1) Wie soll déi all eraussichen?
  • 2) Wie soll déi nokucken an aktualiséieren
  • 3) Wät kënne mer maache fir esou Lëschten am A ze behalen, an se ëmmer op de leschte Stand ze setzen.
Déi lescht Fro läit mer besonnesch um Häerz, schonns eleng well déi mat an d'Rekommandatioune vun de Wikiregele fällt. Ech zitéieren: Natierlech ginn et d'Administrateuren, mee och si sinn net allmächteg a sollen deem ganzen och méi e Kader gi wéi als groussen Oppasser do stoen. Meng Fro richt sech deemno un d'Administrateuren fir ze hëllefen en Instrument ze fannen, dat et et dem Benotzer méi einfach mécht fir besonnesch Lëschten ze aktualiséieren. Wann natierlech ee Benotzer eng Iddi dozou huet, ass se gäer gesinn. Merci am viraus fir d'Mataarbecht. Les Meloures 17:31, 30. Mäe 2008 (UTC)