Diskussioun:Oxidatiouns-Reaktioun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wéi wir et mat engem Bild ouni Feeler Les Meloures 17:36, 17 November 2006 (UTC)

Bis op offizielle Widderruff vun der Dictionnärskommissioun ginn am Lëtzebuergeschen d'Substantiver grouss geschriwwen Les Meloures 17:38, 17 November 2006 (UTC)


Stëmmt souweit allerdëngs wier et mer leiwer wann ee och sou Saache dei net dodrastinn géif kucken wei Acetone, Acétone, Acéton oder Aceton, ech hun nach méi Problemer fir déi Wierder richteg ze schreiwe.

Et ass Aceton Les Meloures 13:41, 18 November 2006 (UTC)


Ech wees net wei ech saache wei acide formique op lëtzebuergesch richteg geschriff gi, ech hun well den Cortina mech do och net informeiert no follgender reegel geschaf, ech hun ee wuert drausgemeet well et mei no un dei systematesch versioun rukennt... allerdengs kann et sin daat et richteg letzebuerger wirder gin dei dann vum deitschen ofgeleet sin wei zB ameisesaier, och des gin wann ech saache schreiwe heinsto verluer well ech normalerweis mei op dei international versioun kucke dei nunmol englesch ass. mee bon ech wier awa frou wann ee hei keint ee rod gin ... besonneg och an der orthographie vun deen wierder !

Ech si mer och bewosst, datt et béis komplizéiert ass: wanns de eppes hues, bei deem der näischt afält, da setz einfach d'Wuert op Däitsch oder Franséisch oder Englesch a Klameren dohin. Vläicht fält engem Aneren eppes an. ok? --Cornischong 20:54, 23 November 2006 (UTC)

Salut, ech ging vierschloe fier cheemesch Begrëffer fier déi et kee lëtzebuergescht Wuert gëtt (also déi meescht) an der Reegel vun der däitscher Schreifweis ofzeleeden, well mer lëtzebuergesch jo och am Prinzip phoneetesch schreiwen (also z.B. Hydrid and net Hydride, Chlorid an net Chloride asw.). Dee Moment gingen dann och Chrom(II)sulfat zesummegeschriwwe ginn. An am Fall vum Acide formique ging ech Seejomëssesaier schreiwen. Mat Essegsaier hätt jo wuel och keen e Probleem (?) Harry-PC 01:10, 12 Februar 2007 (UTC)

Gudden Owend,
Dem Harry seng Propositioun ass sou wäi wéi ech gesi gutt. Just ee klengen Hoken d'Schreifweis.
Et wier Seechomessesaier wann ech dat richteg gesinn. Les Meloures 01:20, 12 Februar 2007 (UTC)


D'Insekteschreifweis ass notéiert ;-) Harry-PC 07:57, 12 Februar 2007 (UTC)
Dozu gesoot daat okay as fir mech, ech froe mech daa just waat mat den "nom communs, commercials" an de systematesche Begreffer geschitt ? glucius 09:09, 12 Februar 2007 (UTC)
'tschëllegt, mee ech verstinn net genau waat's de mengs. Fier déi systematesch Begrëffer kréie mer jo wuel kaum en input vun der IUPAC (?) dofier ging ech dofier d'Uleen un déi däitsch Versioun vierschloen (wann ech awer och léiwer "Toluen" wéi "Toluol" ging gesinn). Waat genau mengs de mat "commercials"?Harry-PC 13:03, 12 Februar 2007 (UTC)
naja ech huele leiwer dei englesch nimm well et och méi einfach ass déi richteg ze schreiwe well den chemoffice engem de numm jo kaa richteg soe an reegele vun der IUPAC och festgeluescht sin... reng praktesch nimm, commerciale nimm sin déi ennert déi verschidde substance verkaaft sin an déi kenne ennerschiddlech zu den nom communs sin, aus dem Kapp wees ech lo kee konkret beispiel. glucius 19:17, 12 Februar 2007 (UTC)
an ech wollt zu den nom communs och soe daat ee schons op den chemikermond misst lauschteren och wann et net emmer passent ass ... seechomessesaier héieren ech do léider net all ze oft mee eischter Ameisesaier .... naja wéi ee gesait as et wirklech net sou einfach.... dofir haat ech mol irgendanzwousch firgeschlo einfach am letzebuergen emmer dei englesch schreifweis festzeleen zemols well a) artiklen baal all op englesch nach rauskomme (ausser Angewandte Chemie) an b) et software get fir daat jidderee den nom scientifique ka schréiwe ;) (vum glucius)

Firwat schreifs de "Seechomessesaier, Chemikermond, Schreifweis, Software" kleng???? Ass do e Sënn hannendrun, deen ech net begräife kann?? --Cornischong 19:52, 13 Februar 2007 (UTC)

nee, et steet do sou wéi ech tippe an wann ech grad keng loscht hun shift ze drécken dann bleift et kleng. weisou soll ech mer méi maan an der Diskusioun op grous a kleng opzepasse. ech hu besseres ze din wéi ze iwerlesse op alles héi richteg geschriff as, et as an den Artikle wou dest eng roll spielt.... du kries et jo wéi et schengt awer mat also waat soll déi iwerfless méi

Ech hunn hei mol e bëssen am Artikel eremgebastelt mee de Courage verluer. Ech mengen net dass dëst di richteg Plaz ass fier Labos-Proceduren hinzeschreiwen (mier schreiwe jo och keng Kachrezepter bei den Iessaachen). An da sinn zimmlech vill Feeler, respecktief Saachen déi manifestement net vollstänneg iwwersat gi sinn. Dat verdreift engem dann e bëssen d'Loscht... Harry-PC 19:34, 13 Februar 2007 (UTC)

déi rezepter stin souwéit richteg dran daat ee chimist se kéint nomaan, an ee den keng ahnung huet just informatiounen iwert den prinzip ouni awa genuch informatioune ze hun fir geféierlech saache unzewenden an doduerch natirlech keng loscht huet et ze probéiere. des weidere stin reaktioune als beispill dran, wéi een eppes mescht a wanns ee bessi am labo geschafft huet wees een och daat mode operatoire wéi de workup vun fall zu fall aennere muss. méi allgemeng wanns de wells eppes maan da loss der gesot sinn daat genuch saache déi nach musse geaennert ginn wéi lo oxidatiouns-reaktioune ... zB stinn Elementer och nach relatif plakeg do alleng nemme fir vun der chimie ze schwetze. Chimie's nimm sin laut IUPAC richteg an domadde fir mech och am Letzebuergen gülteg an ech gesinn lo net an wéisou dodriwer sougemeckert get. des wéidere ass eng enzyklopedie eng wessenswéidervermettlung an as net op irgendee niveau beschraenkt an ech gesin dofir net daat argument fir daat dest net di richteg plaatz ass, soulang informatiounen en soit richteg sin ...


Ech gesi waat's de mengs. Allerdengs hunn ech an desem Artikel grad sou oft "Oxydatioun" ewéi "Oxidatioun" gelies. Et kann een natierlech streide wéi eng Versioun een dann elo benotzt, mee et sollt ee scho konsistent sinn. Och wann's de wëlls d'IUPAC benotzen, dann hänkt et nach ëmmer davunner of a wéi enger Sprooch. Am Englesche kommen z.B. d'Zifferen op enger anerer Plaz wéi am Franséischen ("2-hexene" géint "hex-2-ène"). Oder op Italieenesch seet ee fier "Hexan" "Esano". Alles IUPAC. A mier schwetze jo och vun "Eisen" a "Schwiefel", an net vun "Iron" a "Sulfur" (hoffen ech mol). Dofier hat ech viergeschloe fier sech un déi däitsch Versioun unzeleen. Du hues der bestëmmt Méi gi mat desem Artikel, mee et deet mer leed e war net ze liesen, op ee lo eppes vu Chimi versteet oder net. (Déi 2. Halschent ass et nach ëmmer net).
An eng Enzyklopedie gehéiere Fakten, dat ass richteg, mee da kann ech och draschreiwen dass meng Bom eng nei Botzfra huet. Wat ech wëll soen: an engem Artikel iwwert eng bestëmmte Klass vu Reaktioune sollen ebe grad déi Reaktioune beschriwwe ginn, mat Startmaterialien, Mechanismen, Produkter, Uwendungen, Geschicht, Bedeitung fier d'Industrie etc., mee wann een et am Labo nokache wëll muss een am Artikel vun de Standard-Labosprozedure kucken, well déi ebe grad net d'Reaktioun selwer beschreiwen. Stilweis gesinn sollen awer och do ni sou Wierder wéi "ech" a "mier" vierkommen, wéi dat hei de Fall war.
Näicht fier ongudd, Harry-PC 00:38, 15 Februar 2007 (UTC)


salit, ech hun natirlech probéiert do wou et méiglech ass ee Letzebuerger wuerd ze benotze an aus einfach heets grenn hun ech englesch reegele geholl, mee et as durchaus méiglech daat ech well ech jo och do studéirt hu daat ech eng Chemikal op franséich geschriff hu. Ech hun och probéiert déi eng oder anner Term ze verletzebuergesche waat et méi konfus mecht wéi ech mirke mee bon soit ech lossen daat einfach sinn.
Ech sinn och net sou an détailer vun de reaktioune gange, hun variante weggeloss, an hu probéiert einfach déi eischt versioun vun den Reaktioune ze beschréiwe.
Mécanismussen hun ech nach net gemeet ganz einfach well ech nach keng loscht haat op diskusioune op wéiviel détailer (tautomérie jo oder nee, ofgang vum waasser anzeechnet etc.) anzegoe, well des verschidde saache je no chemiker wechfaale geloss gin an annere haalen. ech hu just bis lo just béi der reduktioun ee gemeet.
Ech huele deng Kritik guer net béis op an probéiere se an zukünftegen Artikele ze anzebaue fir eng konstant verbesserung vun menger arbescht.

--glucius 06:43, 15 Februar 2007 (UTC)


Wann et net sollt méiglech sinn, datt ee Substiver grouss schreift, da fänken ech guer net u mat enger Verbesserung. --Cornischong 19:44, 13 Februar 2007 (UTC)


Gudde Moien,


Wann ech all déi Rezepter do probéieren, wat kann ech domat ufänken. E néierens steet firwat déi Oxidtiouns-Reduktiouns-Resultater gebraucht ginn. A wann en net wees firwar datt eppes gebraucht ka ginn si menger Meenung no esou Artikelen net fir fënnef Sou wäert.
Et ass bei all deene Feeler déi an dësem Artikel stinn guer net relavant op ee lëzebuergescht Wuert méi oder manner gebraucht gëtt. Dat ass einfach net liesbar. Souguer e Chemiker kritt d'Flemm wann en dat liest. Eng franséischsprocheg Persoun déi lëtzebuergesch relativ gutt versteet, an déi sech gutt a Chimie auskennt huet dësen Artikel gelies. Si huet gesot déi Billercher wiere ganz schéin, awer si kéint dat lëtzebuergesch dat hei geschriwwen ass net sou richteg liesen, a si huet mech gefrot op dat wierklech lëtzebuergesch wier.
Mat sou Artikele maache mer keng Reklamm. Les Meloures 10:29, 15 Februar 2007 (UTC)


Wanns du net waat ee matt Oxidatiouns a mat Reduktiouns Resultater gebraucht ginn, dann brauchs de och net héi deng Zeit ze verléiere fir Saachen ze liese déis de net verstees zemols wells de dann och net wees waat cheemesch Reaktioune sinn.
A ben normal well hee wuel kaum IUPAC op Englesch kann eppes ufaenke an wanns de Diskussioun fiirdru gelies hues haes de et verstann. by the way haes de dann och gemirkt daat Nimm déi systematesch geschriff sinn op englesch richteg sinn, well soss haet wuel den Harry jo gemeckert haet. an souwéisou dann nach kann ech just drophiwéise daat een se durch den Chemoffice séi noun-->formula laafe ka lossen an bon selwer Fransousen kenne den Chemoffice.
Wesse waat iwert Premiers Buch rausgeet an der Chimie as da vlait net am lesmours senger definitioun vun wikipedia mee awer an menger well eben grad des saachen net sou einfach um netz stinn an och wann ee se net versteet heescht et net daat se falsch sinn, fir lo anner fehler déi sech ausserhalb vun den chimiesterme befanne kann ech nemme dropp hiweise daat den projet cortina se NET fonnt huet.
Ech gesinn daat Starwarswikipedia mat iwer 45000 Artikele besser do steet wéi ons Letzebuergesch mee mat sou onnetzen diskusiounne wéi déi héiten mee wa léit souviel zéit verléiere fir onnetz kritik opzebrenge well se nix vu Chimie verstinn wonnert mech daat net. Déi leit déi nix 'konstruktives zu mengen artikele béizedroen hun schréiwer léiwer een néien Artikel well Laescher sinn nach grouss.