Diskussioun:PI-Men

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Datum vum Oktober 1941 ass mat "u Sécherheet grenzender Warscheinlechkeet" komplett falsch. Ech kommen dorops zréck. --Cornischong 08:23, 1 Jul 2005 (UTC)

falsch? hmm... hun mol nach eng kéier nogekuckt... ennert follgenden adressen ass d'joer 1941 mol genannt: http://winnetou.lcd.lu/oinet013s/Gangolf_Claude/Hitlers%20Truppen%20ueberfielen%20Luxemburg.htm; http://histoprim.cte.lu/lehrer/wk12.html; Oktober 1941 gett an engem Berichtegungsartikel vum Letzebuerger Wort gennant. Dat wor alles, wat ech deemols zum Thema fonnt hun.--JimHawk 12:44, 1 Jul 2005 (UTC)

Moien. Schéin, datt s de deng Quellen ugëss, da komme mer besser weider. Am Marcel Engel an André Hohengarten hirem Buch "Hinzert. Das SS-Sonderlager im Hunsrück 1939-1945" geet op zwou Säiten (247ff.) iwwer d'Pi-Men Rieds. Do gëtt ernimmt: Am Gestapoprozess am Joer 1946 huet dem Hartmann säin Affekot gesot datt ee vum Oberleutnant Krieps geschafene Spionage-Sytem an Noriichtennetzt vun de Pi-Men zënter dem August 1941 funktionéiert hätt. D'Auteure vum Buch schreiwen: "Diese Organisation (Pi-Men: Umierkung vu mär) beschäftigte sich ab Herbst 1940 hauptsächlich mit .... Bis 1942 figurierte sie unter dem Sigel LPL, ohne den Gruppen gleichen Namens anzugehören.." Well de Goerres (ee vun den zwee Grënner) gouf schonns "Anfang Oktober 1941" verhaft an de 4. November op Hinzert bruecht. Quokeleg Froen an engem Thema, dat ganz komplizéiert ass. --Cornischong 14:56, 1 Jul 2005 (UTC)


Hmmm... interessant... sichen lo demnext nach eng Kéier d'artikelen eraus, dann kann ech och d'erscheinungsdatum'en ugin. Kann sin, vu que datt et jo e puer PI-Men sektiounen gouf, datt op deenen eenzelen Plazen d'riets vum jeweilegen Grennungsdatum d'riet ass... --JimHawk 08:21, 2 Jul 2005 (UTC)