Diskussioun:Paul Katow

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bonjour léiw wikipedia expert-en hei. Ech gesin, den Doud vum Paul Katow guff de mueren fréi schons hei agedroen. Duerfir, ech wollt froen, als laangjähreg Literaturfrendin an och soss gudd Bekannten vum Paul wollt ech hei eng kleng literaresch LAUDATIO schreiwen op desen kompetenten awer secherlech net genuch geéierten Kritker (virun allem) an Schreftsteller, am Senn vun engem Luew op seng eis hannerloossen Aarbecht als kriteschen a fräien Journalist (matt engem ausseruerdentlechen Fachwessen iwert déi klassesch Musikswelt an déi klassesch Literatur). Ech perséinlech fannen, daat wir hei gudd ubruecht, well et och vléit de Paul a senger Perséinlechkeet geng duerstellen. Hannergrondwessen am privaten domaine geng ech net weider ubbrengen, an et giff och net all ze laang sin. Mee, dierft ech daat hei schreiwen? Wa jo, da maachen ech daat gläich muer! (Den Owend muss ech mol matt menger Trauer eens gin!). Léif Gréiss, Carmen Heyar.

Gudden Owend, jiddereen, deen eppes zu engem Artikel bäizedroe weess, ass wëllkomm, dat ze maachen. Denkt just w.e.g. drun, dass et an engem 'enzyklopedesche Stil' geschriwwe ass, d.h. virun allem faktuell. Merci am Viraus! --Zinneke 21:09, 24. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wees vläicht een eppes méi iwwer de geneeën Datum vum Doud vum Paul Katow. Fir de Moment hu mer 2 Datummen am Artikel stoen.
Les Meloures 14:52, 27. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

De Paul Katow ass den 22.Juli owes um 22 Auer gestuerwen a gouf doud opfonnt em 3.30 Auer den 23. Juli 2008. (ech sinn eng Frëndin vun der Famill)

Giff Dir Madame, eis vléit e klengen Hiweis gin, waat d'Uursaach vun deem stenterlechen Doud vun deem gudde Mann wor?

Gudde Moien De schéinsten auto,
Wikipedia ass kee Boulevardsblat. D'Ëmstenn vum Här Katow sengem Doud brauchen hei net erkläert ze ginn. Ausserdeem sinn ech fest dervunn iwwerzeegt dass du ganz genau am Bild bass an dass du dës Fro nëmme gestallt hues fir hei ze stëppelen. E bësse Respekt w.e.gl. vis-à-vis vun der Famill vum Verstuerwenen.
--Pecalux 13:13, 31. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

D'Ëmstenn vum Paul Katow sengem Doud gi vum Bistum verschwiijen, awer et zirkuléieren déi dollsten Rumeuren iwert seng Aarbechtsplaaz. Daat ass schlecht fir de Paul selwer, ganz einfach. Daat huet guer néischt matt senger Famill ze din, do war alles ok. De Paul Katow get vum Bistum elo schéinhellegermoossen bis an der Daiwel Himmel héich gepriisen, daat get enorm ze bedenken, well jiddereen, deen de Paul kannt a geschätzt huet, weess, datt daat guer net a sengem Senn ass. Ech mengen, de Benotzer huet daat net sou béis gemengt, a wollt vléit just wëssen, waat ech an aaner Kolleejen allerdings och net wëssen, em waat fir een Autosakzident et geet, ob do eppes kloer gestallt gouf. Et geet net drem, do iirjend eppes moraalesch ze beurteelen, mee et geet em daat, waat dem Paul seng Leidenschaft wor: et geet em d'Wourëcht. An aller Uechtung fir de Paul Katow: e ganz gudde Frënd. Vum Kee Mucks


Gudde Moie ganz gudde Frënd,

Du schreiws hei uewendriwwer et geet em Wourëcht.

Ech hunn dozou fir de Moment just 1 Fro:

Steet eppes am Artikel iwwer de Paul Katow dat net wouer ass?

Les Meloures 11:49, 1. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]


Wat schlecht fir de Paul Katow ass, ass datt Leit hei onbedingt eppes wëlle breet trëppelen. An dat huet absolut keen enzyklopedesche Wäert. Dat Geschreifs vum Gudde Frënd hei uewendriwwer bréngt ons dobäi och kee Schratt weider. Les Meloures 11:57, 1. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

@ Kee Mucks

Gudde Moien,
ech kann hei nëmmen dem Zinneke seng Interventioun vum 24. Jul. 2008 (UTC), 21:09, widderhuelen:

Gudden Owend, jiddereen, deen eppes zu engem Artikel bäizedroe weess, ass wëllkomm, dat ze maachen. Denkt just w.e.g. drun, dass et an engem 'enzyklopedesche Stil' geschriwwe ass, d.h. virun allem faktuell. Merci am Viraus! --Zinneke 21:09, 24. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

--Pecalux 12:36, 1. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

kee mucks: hei sin nach zousätzlech professionnell donnée-ën. Matt frendleche Gréiss Kee Mucks: voilà, sou ass daat jo scho vill besser. Et kommen nach Saache bäi, hie wor ganz fléissëg, de Paul Katow. Och get nach un der chronologëscher suite vun den Artikelen geschafft an den nächsten Deeg. Kommt Zeit, kommt Rat (op Déitsch, ups). Léiw Gréiß.

Kee Mucks: Et ass lo sou, ech mengen, do kéinten et nach Artiklelen vum Paul Katow am Archiv vum Lëtzebuerger Wort gin, mee, do misst een dann zoufällejerweis eng Kéier sur place an der rue Christophe Plantin beim Wort bei Geléenheet recherchéieren.

Dat ass eng gutt Iddi. Maach dat emol wann se dech eraloossen. Dat wier jo gutt, wann een dat esou kéint maachen, mer hu jo nach vill Artikelen déi op déi Manéier besser kënnen dokumentéiert ginn. Les Meloures 12:51, 19. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]