Diskussioun:Peter Schroeder

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech fäerten, e Peter Schroeder vun der Musel huet guer näischt geschriwwen. --Cornischong 10:50, 17 Mäerz 2007 (UTC)

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Les Meloures 10:54, 17 Mäerz 2007 (UTC)

De "richtege" Petrus Mosellenaus ass hei [1] ze fannen. An deen huet nawell eppe smat Lëtzebuerg ze dinn! De Peter Schroeder, vun deem hei d'Ried geet, schéngt Peter Schraeder ze heeschen [2]. --Cornischong 11:03, 17 Mäerz 2007 (UTC)


Gudde moien eleng wéinst der Frëndlechkeet déi ëmmer bemängelt gëtt.
éischt Äntwert
Dat kéint gutt sinn. Ech hu mer awer och d'Fro gestallt fir wat déi zu Mehring sollten en Denkmal opriichten wann en näischt geschriwwen huet. Eis däitsch Noperen hunn och do vläicht eng grouss Phantasie. Dat gesäit e jo bei en etleche vun hire Wikiartikelen mat deene mer dann op der lb: Wiki wann se einfach esou iwwersat goufen mat sämtleche Kabes eis léif Aarbecht hunn fir se riicht ze béien.
Ech kann och als anert als Beispill och nach op mannst 87 lëtzebuerger Uerschaften zitéieren wou anscheinend keng Stroosse sinn a keng Häiser, et leeft och keng Baach derduercht oder derlaanscht. Wann de Pecalux net elo géif d'Fléisaarbecht maache fir d'Kooerdinaten anzesetze wéisst en mol dachs net wou se fanne sinn, ausser datt e gewuer gëtt datt se zu enger Gemeng gehéieren. Dodäi géif et mech wonneren wann et eng géif ginn déi net zu enger Gemeng gehéiert
Déi Artikele sti schonns meintelaang als Weesekanner do a kee Mënsch huet sech drëmt bekëmmert.
Mir hunn och rezent Artikele wou dra stett dass eng Klackegéisserei just en Klackegéisserei ass oder war a méi och net. Do freet keen eppes no a mecht och keng Bemierkung.

Les Meloures 11:13, 17 Mäerz 2007 (UTC)

zweet Äntwert
den Numm Peter Schraeder kéint en Drockfeeler sinn , an sou Touristebliedercher kéint dat alt vir. Et kann allerdengs och sinn datt de Mann 3 Nimm hat. Wie weess Les Meloures 11:15, 17 Mäerz 2007 (UTC)
drëtt Äntwert
Fichier:Moselle 070.jpg
Et kann och sinn gatt den Takegéisser sech verschriwwen huet an datt dat an der ganzer Gemeng nach kengem opgefall ass Les Meloures 11:25, 17 Mäerz 2007 (UTC)
Dat war et da fir haut. Elo ass meng ganz Energie erëm a Gepoters dropgaang Les Meloures 11:28, 17 Mäerz 2007 (UTC)


Wéi ech gesinn misste mer dann och nach een Artikel iwwer de richtege Peter Mosellanus maachen.

Gëtt et dann och e falschen.

Geet hei an der Skizz vun Artikel vun engem Petrus Mosellanus riets.

Les Meloures 11:36, 17 Mäerz 2007 (UTC)

  • (Ech fäerten, e Peter Schroeder vun der Musel huet guer näischt geschriwwen.) mécht een als Bemierkung
  • Déi Angscht ass ëmsoss gewiescht et sinn e puer Wieker fonnt ginn Les Meloures 01:04, 22 Mäerz 2007 (UTC)