Diskussioun:Pierre II. vun Zypern

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Datt "Petros" déi griichesch Form vu Pit ass, ass an der Rei, mee firwat soll "eise" Pit esou heeschen? Zu deem senger Zäit huet Zypern de Kräizritter gehéiert, an weder déi nach Zypern selwer war, sou wäit ech gesinn, griichesch. Dat mat "vun Zypern" ass och eng speziell Saach, well dee war och nach Kinnek vu Jerusalem (souwäit ech weess). ( http://histrom.literature.at/cgi/wrapcgi.cgi?wrap_config=hr_index.cfg&ch=P&wh=s )? --Cornischong 10:23, 8 Mäe 2005 (UTC)

Mär hunn et ebe schwéier. Frankräich, Däitschland, England, etc. iwwersetzen all Virnimm an hir eege Sprooch an domat basta. A wann déi Wikipedianer emol eng Iwwersetzung net wëssen, da brauche se just an e Geschichtsbuch ze kucken, do steet se. Eis Geschichtsbicher sinn awer net op Lëtzebuergesch. Dofir hu mär eis gewinnt un e Keeser Wilhem oder a Kinnek Louis XIV. (et géif keen op d'Iddi kommen, vum däitsche Keeser Guillaume oder dem franséische Kinnek Ludwig XIV. ze schwätzen). Ëmmer den Numm an deer Sproch schreiwen, déi an deem Land, iwwert dat en Herrscher war, geschwat gouf. Gutt Reegel, déi schon bäi engem Heinrich vu Lëtzebuerg gebrach gouf. Ok, deemols huet Lëtzebuerg den Däitschen dauernd Kinneken a Keeser gestallt an esou, dat ass effektiv eng Excuse. Mee d'Wenzelen dann, a Béimen als Vaclav gebuer... Keen einfacht Thema. Op dem Cornisching senger verlinkter Säit schwätzen se vum Pedro II. Hunn se deemols zu Zypern spuenesch geschwat? Hat de Péiter II. spuenesch Originen? Oder awer griichecher? Oder ganz anerer? Wéi huet dat zypriotescht Vollek e genannt?

Deen anere Problem: hee war Kinnek vun Zypern a Jerusalem. Fakt ass, datt e seng II. der Reiefolleg an der Herrscherlinn vun Zypern ze verdanken huet, dofir ass fir mech den "vun Zypern" hei guer kee Problem. Wann dee Kärel elo awer och nach als Péiter CLXXVII. vu Jerusalem ganz bekannt wier, da misst ee sech décidéieren. Normalerweis knäipen ech vun de Preisen, déi hate jo grad dee selweschte Problem. Mee heiansdo hunn déi sech d'Fro och nach net gestallt (cf. Péiter II.) an da fänke d'Problemer unn. Ech kucken an esou engem Fall ëmmer als éischt no der Ranguerdnung vum Räich, an dann no der Wichtegkeet (aus lëtzebuerger Siicht). Zypern ass e Land, Jerusalem eng Stad. Fir mech gewannen ëmmer d'Länner virun de Stied (dat hunn ech mat Ranguerdnung gemengt). Schweden oder Dänemark, hmmm, dat sinn zwee Länner, da musse mer hir Wichtegkeet kucken. Aus Lëtzebuerger Siicht gëtt et do kee groussen Ënnerscheed. Da kucken ech mer d'Biographie vum Kinnek un, war säi Papp oder Bopa iere just Kinnek vu Schweden an net vun Dänemark, huet en sech haaptsächlech a Schweden opgehalen, am Numm vu Schweden Kricher gefouert, etc. Natierliech kann ee bäi Kriterien wéi "Wichtegkeet" ëmmer och eng aner Meenung vertrieden, a fir Diskussiounen ass gesuergt. Oder et kann een esouguer ganz aner Kriterie gebrauchen (ech hunn hei just meng eegen Nout-Kriterien erklärt). Otets 12:41, 8 Mäe 2005 (UTC)

Wéi heescht da Péiter of franséisch?[Quelltext änneren]

Bis 1191 huet Zypern de Keesere vu Byzanz gehéiert. Nodeems de Richard mam Léiwenhäerz et orobert hat, huet en Zypern engem franséischen "Seigneur" ginn, engem ale Kinnek vu Jerusalem, dem Guy de Lusignan, deen doropshin 1192 d'Kinnekräich vun Zypern gegrënnt huet. Seng Nokommen haten d'Insel fir e puer Jorhonnerten an hirem Besetz, bis d'Cathérine Cornaro, d'Wittfra vum Jacques II. d'Ierwin vun de Lusignan, Zypern 1489 u Venedig verkaf huet., mee d'Türken hu sech Zypern erëm 1570 ënner de Nol gerappt. Mer hätte villäicht besser, ier mer eppes änneren, nozekucken; a wann et och nëmmen am Mourre ass. --Cornischong 21:14, 8 Mäe 2005 (UTC)

An deem Fall misst et dann op franséisch Pierre heeschen - ausser déi deemoleg Landessprooch géif priméieren, wat awer waarscheinlech net de Fall ass, well fréier hunn Herrscher Vollek an esou engem Fall wéi deem heiten net onbedengt déi selwescht Sprooch geschwat. Otets 22:16, 8 Mäe 2005 (UTC)

Et huet awer net jiddereen de ganze Mourre doheem Cornischong :-) Waat "vun Zypern" oder esou ugeet: ech muss dem Otets widderspriechen mat "e Land gewënnt vrun enger Stad". Daat hänkt ganz vun der Stad of. Bei Jerusalem ass effektiv et esou, datt daat Kinnekräich souwisou méi e Phantomkinnekräich war wéi soss eppes, an deemno déi meeschte Kinneke vu Jerusalem déi nach soss eppes waren, no deem anere genannt ginn. Mee daat gesinn ech souwisou nach net als graffe Problem, well wann dee Péiter elo nach Xte vu Jerusalem war, da mecht een en Artikel op Péiter X. vu Jerusalem a setzt e Redirect heihinner, fir jiddfereen deen de gudde Mënsch da ging "vu Jerusalem" nennen. --Briséisβρισεισ 10:38, 9 Mäe 2005 (UTC)