Diskussioun:Piff

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut Otets, bass de sëcher dat Piff Jauche ass? An der däitscher Wiki steet den Ënnerscheed tëscht Gülle a Jauche wier dat dat eent ausschliesslech vun Déieren ass, Jauche awer e Gemësch vu flëssegen Exkrementer vun Déiere, Mënschen a Waasser. Kee ganz appetitlechen Thema, ne? Myriam 21:55, 10 Januar 2006 (UTC)

Am DLW steet: Jauche = Piff; Gülle = Gülle. Vu datt ech am Moment vu menger Ännerung um Artikel kuerz virum Owendiesse stung, hunn ech d'Zëtär verdrängt gehat. Mee déi kann een natierlech nach bäisetzen. --Otets 22:08, 10 Januar 2006 (UTC)

An der däitscher Wikipedia wëllen der méi helleg ewéi de Poopst sinn. ("Vor allem die Abgrenzung zur Gülle ist im Norden deutlicher als im Süden.") Den Duden ass do net esou "kriddeleg". An der Schwäiz ass et souwisou egal, do heescht et Gülle. Also: Piff. Wien huet eng Foto?? --Cornischong 23:04, 10 Januar 2006 (UTC)

Also wann ech éierlech sinn ass dat net onbedéngt mäi Lieblingsthema ;-) Ech war just fuerwetzeg wéi de Piff op Däitsch oder Franséisch heescht wou ech dem Otets säin Artikel gesinn hat Myriam 00:00, 11 Januar 2006 (UTC)
Iwwer de Parfum ass jo hei och nach näischt ze fannen. :-))