Diskussioun:Pompjeeë Gemeng Mamer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

A wéi mellen déi sech um Tëlefon? "Mamer Pompjeeën!"?? ;-) --Zinneke 20:44, 29 Mee 2007 (UTC)

A, et deet engem awer gutt, ze gesinn, datt un deem Artikel jiddereen eng Hand upeekt. --Cornischong 20:47, 29 Mee 2007 (UTC)

Sin hei éieren méi Leit aus der Gemeng ;) Lo hat ech knapps de Link op ^d'Mamer Pompjeeën entdeckt a schons dämpt et! Ech sin an de Mamer Pompjeeën ;) --Alain

Et schéngt es wuel:-)) D'Ländchen ass kleng. Mol sou niewebäi: Ech si frou , datt dat Thema Pompjeeën endlech Fong kritt. --Cornischong 21:03, 29 Mee 2007 (UTC)
Jo genee. Ech hun zwar net esou vill Billermaterial, mee mai Fotoapparat dee geet demnächst emol mat :) no a no kréie mer och déi aner Corpsë gemaach. --Alain 21:07, 29 Mee 2007 (UTC)

Salut:

Wanns de Fotoe brauchst do kanns de jo déi Kolleg vun der Ambulanz den Di Millo's Eric froen deen huet der Tonneweis mat de Modellautoen derbäi. Les Meloures 21:14, 29 Mee 2007 (UTC)

Sinn déi hei net gutt genuch? Schreift deen eis en Artikel iwwer d'Material? --Cornischong 21:18, 29 Mee 2007 (UTC)
Huet een eppes dervu gesot datt déi hei net gutt genuch wieren. Den Alain huet gesot en hätt net esou vill Billermaterial. Du wollt ech em weiderhëllefen op engem einfache Wee. Ech mengen du versteest heiansdo net wat gemengt ass. Les Meloures 21:33, 29 Mee 2007 (UTC)
An ech menge wann een eis Fotoen zur Ferfügung stellt oni datt mer eis selwer derfir musse ploen hu mer déi Zäit weider fir Artikelen ze schreiwen.
Ech well awer kee forcéieren ze schreiwen a well och kengem soen e soll keng Fotoe maachen.

Les Meloures 21:39, 29 Mee 2007 (UTC)