Diskussioun:Prüm

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mécht dat iwwerhaapt Sënn fir an de Stiedsartikelen Distanzen zu aner Stied a virun allem zu aner Uertschaften, déi wäit aus de Féiss leien, unzeginn? Ech mengen nit. -Klunni

Praktesch ass et schonn. Mee wann dat déi eenzeg Informatioun ass, déi am Artikelt steet, da stellt ee sech Froen. Wa mer dat géife praktizéieren, da kéimen nach geckeg Saachen op eis zou. Buddelerbaach - San Carlos de Bariloche. Mee, praktesch ass et schonn. --Cornischong 07:52, 27 September 2006 (UTC)
Et gesäit scho komesch aus wa méi Informatiounen iwwer Distanzen am Artikel stinn wéi aanerer.

Wann den Artikel méi grouss wier an et sting hannen um Wupp de géiw kee Klunni sech de Kapp driwwerzerbriechen. Mee ass daat elo falsch ??

Meng Astellung ass déi hei:
1) D'Fro ass wéi schon sou dacks nit déi op et vill oder wéineg Sënn mecht, do huet souwisou jiddereen eng aaner Opfaassung. Sou laang wéi d'Informatioun richteg ass, ass daat fir mech an der Rei.
2)De Klunni ka jo alles dra schreiwe waat senger Meenung no méi Sënn mecht.
Les Meloures 08:15, 27 September 2006 (UTC)

Dann nach ëppes waat mer scho méi laang op de Kéis geet un d'Adress vu neie Fantom-Useren. Et ass flott an einfach fir ze kritizéieren. Besser maachen ass warscheinlech ze schwéier. Also wann ech gelifft eng Verbesserung vun engem pertinente Feeler ass gäer gesinn. Mee kritizéieren vu Kontributiounen vun aanere Useren a selwer neischt Subtantielles brengen ass schon e bësselche niewt der Schinn. Les Meloures 08:26, 27 September 2006 (UTC)