Diskussioun:Psychopathie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Ënner Psychopathie versteet een ...": Ass dat net eng zimmlech onglécklech Ausdrocksweis? Wat een ënner eppes "versteet", hänkt vun deem sengem Opfaassungsverméigen of.
"ass d'Diagnos net opgeholl ...": Dat ass eng léif Ënschreiwung dofir, datt deen Ausdrock iwwerhaapt net amDSM-IV (Index op der Säit 884) ze fannen ass.
".. Empiresch huet sech awer erausgestallt, datt déi psychiatresch Forensik de biologesch determinéierte Psychopathie Begrëff net ausklammere kann. ..": Wann dat sech da sollt "empiresch" erausgestallt hunn, da kéinten déi, déi mat esou engem Saz hantéieren, eis emol soen, wéini, wou, wien dat sollt erausfonnt hunn. An deem Fall wier et natierlech ubruecht, mol dem verwonnerte Lieser unzeginn, wou hien dat noliese kann. Firwat déi "forensesch" Psychologie a Psychiatrie an engem psychiatresche Kontext vun dräi Sätz zweemol ernimmt gëtt, erschléisst sech net grad aus dem Text.
"de biologesch determinéierte Psychopathie Begrëff ...": Firwat, an dat presentéiert sech hei als Behaaptung, geet op eemol vun engem "biologesch determinéierte" Psychopathie-Begrëff Rieds, woubäi dat misst aus dem Zesummenhank gerappt sinn, well keng Erklärung dobäi steet, 1. ob en nieft deem genannten "biologesch determinéierte(n)" nach anescht determinéiert Psychopathie Begrëffer existéieren, 2. wann dat net sollt de Fall sinn, wien dee Begrëff determinéiert huet.
"erausgestallt, datt déi psychiatresch Forensik de biologesch determinéierte Psychopathie Begrëff net ausklammere kann.": De Lieser wäert sech wuel d'Fro stellen, wafir Grënn dorop hiweise kéinten, datt déi psychiatresch Forensik (firwat déi eleng?) dat net soll ausklamere kënnen,an ob dat iwwerhaapt iwwerpréift ass.
--Cornischong 09:17, 11. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

An net ze vergiessen: De psychotherapeutesche Gehalt vun Diskussiounssäite misst och nach eruéiert ginn.--Zinneke 09:59, 11. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
"Eruéiert": Wow! Wann et ëm biologesch determinéiert "Psychopathie Begrëffer" geet, da gëtt d'Eruktatioun vun der Eruéierung vun enger gewësser Eruditioun dem Foussvollek schwéier vermëttelbar. --Cornischong 12:05, 11. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]