Diskussioun:Réimesch Villa zu Helsem

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déi éischt Versioun vun dësem Artikel baséiert op dem Kapitel "Ausgruewungen" vum Artikel Raschpëtzer (Versioun vun haut), deen heihinner kopéiert a liicht ugepasst gouf.--Zinneke 09:03, 6. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]


Salut! D'Gruewunge goufe vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, fréier "Staatsmusée", duerchgeféiert. Ee "Geschichtsmusée" (ouni weider Prezisioun) gëtt et net. D'Stad huet ee Geschichtsmusée, deen offiziell "Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg" heescht. Dee Musée ass et bestëmmt net... Also, w.e.g., Nationalmusée fir Geschicht a Konscht! Alles anescht ass ...Kéis! Gutt Nuecht. Fox

Moie Fox, gutt gesinn; de Link war richteg, just den Numm verfälschend gekierzt. Iwregens: D'Wikipedia ass eng "Matmaach-Enzyklopedie", jiddereen, deen eppe sméi weess, wéi dat, wat do steet, oder deen e Feeler endeckt, ass invitéiert, dat ze änneren (dat geet esou einfach wéi eppes heihinner ze schreiwen). Also: d'nächst Kéier net zécken. Bescht Gréiss, --Zinneke 19:28, 14. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]