Diskussioun:Radio Locale Réiserbann-Betebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"les émissions sont diffusées tous les jours de 6 à 24 heures." steet op der Websäit. --Cornischong 01:32, 6 Februar 2006 (UTC)

Do hues de Recht, dat war vun 1993 bis 1994 effektiv esou. Déi lescht 12 Joer iwwer war et schonn awer ëmmer 24/24 a 7/7 (dat steet och op der Websäit). --Otets 01:35, 6 Februar 2006 (UTC)

Déi maachen engem et net einfach. "Temps d'antenne: 24h/24h, 7j/7j" steet op enger anerer Plaz. Ech hunn elo e puermol duerchgekuckt: Ech hunn den Numm néierens fonnt, ëmmer nëmmen d'Ofkierzung. Heescht e wierklech ...Betebuerg ...? Zu den Zuelen: Mär ernimmen Zuelen als lescht Wourecht, bei deenen op der Websäit Rieds geet, se wieren aus Ëmfroen ë. a. aus Lycéen destilléiert. Do lande mer am Volleksglawen, fäert den ongleewege --Cornischong 01:42, 6 Februar 2006 (UTC)

Ech wëll net falsch verstane ginn. Ech fannen et interessant fir Artikelen iwwer Lokalradioen dranzesetzen. Ech hunn allerdéngs keng Anung, wat do leeft. --Cornischong 01:52, 6 Februar 2006 (UTC)

Jo jo, déi hunn e Feeler am Numm, ech hunn d'Statuten um Spaweck fonnt gehat. Deem Volleksglawen hänken och all d'Publicitéitsclienten un, an zwar net nëmmen hei, méi och bäi RTL, Pro7, M6, BBC etc., eppes besseres wéi Ëmfroen (soulaang se representativ sinn) gëtt et bäi kengem Sender. Als Südlänner kann ech der soen datt do virun allem Musek leeft - och iwwer Webstream ze kréien. --Otets 01:58, 6 Februar 2006 (UTC)

hallo, also den LRB ass en feinen Sender, dei "freiwëlleg" Leit gin sech nawel vill mei en intressanten an oofweislungreischen Programm ze bidden. Mee och hier Praisser dei se esou verspillen sin top ( ass net eng Taas wei een der schon 100ten huet oder soss en Kitsch wei (net genimmten Sender'n) verspillen ) et ass flott ze gesin dass en Grouppe mat den ennerschiedlechsten Persounen an och Alterscategorie'n esou eppes op Been gesaat kruuten an et och weider feiren :-) weider esou --Deguert 06:39, 3 Mee 2006 (UTC)