Diskussioun:Raschpëtzer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"D´Raschpetzer ass een eenmolegt system op deser Welt waat zur Wasserversuersung vun der Reimervilla gedenkt huet."

Vu wat fir enger Réimervilla? Wou ass deen oder dat oder déi Raschpëtzer oder Raschpetzer (d'Iwwerschrëft ass mat Treema, am Test huet et keen. Ëm wat geet et iwwerhaapt (System)? Wou kënnt dat Wuert (ass et an der Eenzuel oder ass dat eng Méizuel) hier? A wat bedeit et?

Kënnt do nach eppes no???? --Cornischong 14:55, 31 Dec 2004 (UTC)


Ech hu, wéi's de gesäis e bëssen opgefëllt. Raschpëtzer kritt opallefall hei zu Walfer en Treema, ech hu keng Ahnung wou d'Wuert hierkënnt, ech wees just datt eng Rei Pëtzer am Bësch hei zu Walfer stinn, an ech wor daat och emol kucken mee fir méi Info muss ech mer Dokumentatioun siche goen. Daat gëtt natierlech elo an dëser Vakanz knapps, well muer huet d'Gemeng zou.

--Briséis 16:05, 31 Dec 2004 (UTC)

Eemoleg op dëser Welt[Quelltext änneren]

"een eenmolegen ënnerierdeschen Aquäduktsystem op dëser Welt deen ...". Also, ech kenne just "dës" Welt. An iwwer dat Eemolegt op der Äerd: Am Iran ginn et haut nach ongeféier zwanzegdausend Stéck dovun. "Bis vor dem zweiten Weltkrieg gab es in Persien ca. 35.000 Qanate. Heute sollen es noch etwa 20.000 sein." (http://www.gmmb.de/per-html/t12.html)--Cornischong 20:46, 1 Jan 2005 (UTC)