Diskussioun:Raymond Linden

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kuckt de Film "bloe Steen", an da gesitt der ët, am Bild an am Generik, dat de Lindens Raym do matgemaach huet. [11:26, 6. Aug. 2010 IP 83.99.94.110]

Gudde Moien, fir bei der sou dacks kritiséierter Héiflechkeet ze bleiwen.
Wann eng Quell gefrot gëtt da soll eng Referenz op eng Quell, déi jiddweree kann novollzéien, dra stoe kommen.
Net all Lieser vun der Wikipedia wëll de Film kucken fir dann am Générique vläicht de Raymond Linden z'entdecken.
Les Meloures 11:01, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Ech hunn déi Referenz elo derbäigesat. Mä et ass normalerweis deem säin Job deen esou eng Informatioun drasetzt.
Les Meloures 11:11, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, D'Referenz stong KOMPLETT do! Titel, Editeur/Produzent, Joer, asw., ...bis ee "mi-lourd" gemengt huet, hie misst dat läschen a "Referenz?" dohinner schreiwen. 't gëtt Zäit, datt verschidde Besserwisser an Oberzensoren d'Handwierk geluecht kréien! Ciao, Ben & Co.[6. Aug. 2010, 16:19:27 IP: 188.115.24.109]

Wann een net wëll verstoen wéi de System funktionnéiert brauch een net frech ze ginn. Et ass es elo mat der Gedold an den Explikatioune genuch. Verschidde Leit op dëser Wiki hu sech net 5 Joer laang geplot, fir se op en eengermossen Niveau ze kréien, fir sech elo Frechheete gefalen ze loossen. An Zukunft gëtt jiddwereen deen et net fäerdeg bréngt sachlech ze diskutéieren, gespaart. Les Meloures 14:34, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]