Diskussioun:Raymond de Waha

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
...kann et sinn datt dat de selwechte Raymond de Waha ass wéi deen am Artikel. http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1914/0019/a019.pdf#page=29
Les Meloures 10:11, 13. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Et schéngt mir wéi wann de Privatdozent Baron Raymond de Waha engersäits an den Deputéierten a spéideren Generaldirekter Raymond de Waha anerersäits zwou verschidde Persoune waren.

E Baron Raymond de Waha ass den 10. August 1942 gestuerwen: Luxemburg: Freiherr Raimund de WAHA, Ehegatte von Alix de la KETHULLE de HYHOVE, am 10. August, im Alter von 65 Jahren.(Quell: Doudesannonce am Escher Tageblatt vum 12. August 1942)--Fliedermaus 08:08, 18. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Ech hunn dat emol am Artikel erëm an de Schied gesat. Ech kucken datt ech un de leschte Barong de Waha deen nach zu Lëtzebuerg lieft kommen. Vläicht huet deen e Stammbam. Les Meloures 09:07, 18. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Op Nofro op der Uni München krut ech dës Äntwert:

Zu Raymund Johann Alexander de Waha, geb. am 16.5.1877, existiert in unserem Haus eine Personalakte mit der Signatur UAM, E-II-3463.

Demnach war er seit 1910 Privatdozent für Nationalökonomie, Finanzwissenschaft, Wirtschaftsgeschichte, Statistik und Politik an der Staatswirtschaftlichen Fakultät der Ludwig-Maximilians-Universität München, seit 1914 Dozent an der Hochschule für kommunale und soziale Verwaltung in Köln, seit 1918 Honorarprofessor wieder in München, 1920 Enthebung auf eigenes Ansuchen hin.

D'Joer 1920 fällt komescherweis zesumme mat dem Joer wéi de Raymond de Waha Genaraldirekter zu Lëtzebuerg gouf.

Les Meloures 11:22, 18. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Nach Raymond de Waha[Quelltext änneren]

Moien,

De Raymond de Waha schéngt net zu Ëlwe gebuer ze sinn, well an den Zivilakte vun der Gemeng ass näischt tëscht 1870 an 1890 vun engem Raymond de Waha agedroen.

Sou wéi aus dem Mémorial erfirgeet huet hien awer, wéi e säi Barongstitel krut, zu Ëlwe gewunnt oder wéinstens seng Famill.

Par konter de Charles de Waha ass zu Ëlwe gebuer. (Akt 44 vu 1888) Nikolaus Charles Leopold de Waha gebuer de 27.08.1888.

Beim Raymond géif jo och de Gebuertsdatum deen op der Uni München agedro ass mat der Doudesannonce passen. 1942 minus 1877 ass 65.

Elo misste mer nach just erausfannen wou e gebuer ass. Bei mengem nächste Passage zu Ëlwen, trëppelen ech nach eng Kéier bis an d'Gemeng. Do si ganz fei Leit am Populatiounsbüro. Ech kucken op ech dann nach e bësselchen an de Bicher schnoffelen dierf, a mer dann och d'Eltere vum Charles de Waha erausschreiwen. Dat hëlleft ons dann nach vläicht weider.

Les Meloures 15:18, 21. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Iwwer d'Famill de Waha gëtt et dës Publikatioun:

Robert Grün: Die Familie de Waha, 95 Säiten

--Fliedermaus 17:14, 21. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Vill hin an hier[Quelltext änneren]

"Hie war vun 1919 bis 1920 Deputéierten [1] an der Chamber a Chargé d'Affaires zu Washington D.C.." Dann huet e jo fir all Chambersëtzung missen op Lëtzebuerg kommen. Vill hin an hier!--Cornischong 09:41, 27. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

De Propriétaire Raymond de Waha[Quelltext änneren]

Am Buch La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail steet beim Deputéierten Raymond de Waha "Propriétaire" als Beruff.--Fliedermaus 16:27, 27. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]