Diskussioun:Reduit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Schwäizer Reduit[Quelltext änneren]

Moien,

Ech hunn emol de Schwäizer Reduit erausgeholl.

En huet éischtens näischt mat dem Reduit wéi en am Artikel beschriwwe gëtt ze dinn, doriwwer eraus war Definitioun net esou honnerprozenteg. Et gouf schonns virun engem Joer, doriwwer op dëser Wiki diskutéiert.

Les Meloures 16:53, 26. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,
De Schwäizer Reduit passt zwar vun der Definitioun hir an dësen Artikel - ëmmerhin bezeechent en och eng Plaz (an dësem Fall zwar e Gebitt), déi am Kär vun enger anerer Plaz (oder Gebitt) läit a schwéier befestegt, an dowéint schwéier ze huelen ass. Och wann do vläicht keng Foto a keng grouss Erklärung néideg ass, denken ech awer, datt mindestens eng kleng Definitioun an e Lien op den Artikel dohinner passt. Besonnesch, well de Begrëff "Reduit", dee jo awer soll erkläert ginn, och an deem Kontext benotzt gëtt. Wéi vill elo dovun d'lescht Jor diskutéiert ginn ass, kann ech leider net soen :-) Wann s de e Lien hues wou déi Diskussioun ze fannen ass, liesen ech et gär no.
--Roude Leiw2001 08:31, 2. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Ech hunn emol e Link op en eventuellen Artikel derbäigesat. D'Defintioun datt e gebaut gouf fir sech géint Däitschland ze wieren ass falsch. Déi Iddi ass eréischt méi spéit am Laf vum Zweete Weltkrich opkomm, do stoungen awer déi meescht Festunge schonn.

Am Fall vun engem Artikel iwwer de Schwäizer Reduit kuckt:Schweizer Reduit kënnt ee menger Meenung net derlaanscht fir gläichzäiteg een iwwer den Henri Guisan an de Rütlirapport ze maachen, fir datt d'Zesummenhäng gutt kënnen erkläert ginn.

Les Meloures 10:44, 2. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Am Artikel op der däitscher Wikipedia geet awer vun enger "akuten Bedrohung" rieds, déi an de Joeren 1937/39 bestanen huet; doriwwer eraus steet am Schreiwes vun 1940 vum Generol Guisan, datt eng "Alpen- oder Zentralraumstellung (réduit national)" soll erschafe ginn. Vu d'diplomatesch a militäresch Grosswetterlage an Europa (Agressiv däitsch an italieenesch Aussepolitik, besonnesch zanter 1935/36 an Ufank vu militäreschen Operatiounen am September 1939) kann ee menger Meenung schonn dovun ausgoen, datt d'Iddi vum Bau vun engem nationale Reduit duerch déi däitsch Muechtstellung en erhebleche Boost krut, besonnesch well d'schwäizer Bevëlkerung dee Moment veronséchert war an d'Bedrohung en Thema war, deem sech esouguer de Bundespresident huet misse stellen. Ënner deenen Ëmstänn sinn dunn, wann ech dem däitsche Wiki-Artikel gleewen, Bauaarbechten u Grenzbefestegungen agestallt, an de Fokus op Biergfestunge geluecht ginn:
Schon am 23. Juni 1940 - zwei Tage nach der Kapitulation Frankreichs - hatte Guisan den Befehl zur Einstellung der Befestigungsarbeiten in den bisherigen Stellungen erlassen. Nur noch letzte Fertigstellungsarbeiten sollten durchgeführt werden.

Och de Rütlirapport mécht en direkte Lien zur Bedrohung duerch Italien an Däitschland.
Ech kucke fir deen Abschnëtt nei ze schreiwen, e war effektiv e bësse graff gehalen, ma ech gesinn trotzdem e Lien tëscht der däitsch-italieenescher Bedrohung an dem Bau vun dem Reduit. --Roude Leiw2001 10:16, 3. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Tatsaach ass datt déi däitsch Bedrohung eréischt no der Kapitulatioun vu Frankräich akut gouf. Virdrun hunn d'Schwäizer Frankräich och net als hire besonnesche Frënd ugesinn. Liest emol all déi Diskussiounen doriwwer an der de:wiki., och am Artikel Henri Guisan. Am Artikel vum Gotthardtmassiv op der lb. Wiki gouf och doriwwer diskutéiert.

Mä an engem Artikel iwwer de Schwäizer Reduit, kéint d'Situatioun méi kloer duergestallt ginn. Et ass tätsächlech nom Ausbroch vum Krich u verschiddene Forte weidergebaut a verbessert ginn, fir sech besser géint d'Achsemuechte kënnen ze verdeedegen.

Les Meloures 10:58, 3. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,
Ech hunn elo emol déi ganz Diskussiounen duerchgelies a gesinn och wat Dir mengt. Ech hunn dofir eng nei Fassung geschriwwen, déi kee Bezuch op ee Land als Quell vun der Bedrohung mécht. An dësem Artikel ass jo eigentlech och net d'Plaz fir eng Diskussioun iwwer de Schwäizer Reduit ze féieren, dofir bräicht hie säin eegenen Artikel wou een déi Nuancë besser eraussträiche kann. Aus deem Grond ass déi nei Fassung och méi neutral gehalen a beschränkt sech op déi geographesch Eegeschaft vum Schwäizer Reduit als staark befestegt Réckzuchgebitt:

Textvirschlag

De Schwäizer Reduit (duerchgängeg Linnen).
De Begrëff gëtt och am Kader vum Schwäizer Reduit benotzt, engem vun der militärescher Féierung vun der Schwäiz an den 30er a 40er Joeren definéierte Réckzuchsgebitt an de schwäizer Alpen an dat sech d’schwäizer Arméi am Fall vun enger Invasioun sollt kënnen zréckzéien. Zu deem Zweck sinn ëm dat Gebitt ausgedeenten ënnerierdesch a getarnte Bunkeranlagen entstanen.


/Textvirschlag

Ech hu gesinn, datt de Cornischong do aktiv war, vläicht géing hie gär eng Contributioun iwwer de Schwäizer Reduit maachen? Ech géif mech am Moment gär op d'Festung Lëtzebuerg beschränken, a parallell dozou d'Erklärung an Erläuterung vum Festungsvocabulaire schreiwen.

--Roude Leiw2001 09:38, 4. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]