Diskussioun:Rettungsreef

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien

fir Noutfäll am Waasser. Ass dat wa Mazut an d'Baach gelaf ass ? Les Meloures 16:36, 21. Mäe 2008 (UTC)

Jo, dat schéngt mir och nach ausbaufäheg ze sinn. --Alexandra 16:41, 21. Mäe 2008 (UTC)
N'Owend. Abee, bis elo war, wéi et schéngt, nach kee "fäheg", dat auszebauen. Mee lo ass jo schonns mat der Diskussiounssäit ugefaange ginn. Vläicht ass ënner de 1.490 Benotzer e Schwammmeeschter oder e Masuttshändler mat derbäi, wie weess. --Cornischong 19:08, 21. Mäe 2008 (UTC)

Gudden Owend,

Dat do ass déi ideal Léisung. Sou komme mer weider. Da fänke mer elo geschwënn Artikelen un, an deenen iergend epees dra steet, a schreiwen och nach selwer Iwwerschaffen driwwer, datt déi aner 1.490 Benotzer sech sollen dermat erëmploen. Les Meloures 19:35, 21. Mäe 2008 (UTC)

Merci, merci; e Kompliment deet heiansdo gutt. Wann dat an 254 Wikipediae funktionéirt (ech mengen, datt ee mat eppes ufänkt, an anerer doru weiderschaffen) , da kéinte mer dee System mat der Zäit iwwerhuelen. Just dat mat de 1.490 Benotzer, déi sech mat eppes "erëmploen", dat, mengen ech, ass awer e bëssen iwwerdriwwen. Iergendwéi verstinn ech se, well déi kréie keng Bemierkunge gemaach. "Da fänke mer elo geschwënn Artikelen un, an deenen iergend epees dra steet": Fänke geschwënn un, majëmmenagewëss, dat leeft dach schonns eng gutt Zäitchen, an et hunn der bis elo nach net vill reklaméiert. Déi Fäll vun afrikaneschen Haaptstied, wéi Saint-Denis, ass dach nach guer net laang hier. "Sou komme mer weider": Et loung mer op der Zong. --Cornischong 22:34, 21. Mäe 2008 (UTC)

A wat hunn dës Diskussioune mat engem Rettungsreef ze dinn ??? --83.99.125.34 07:45, 22. Mäe 2008 (UTC)

Von der Hoffnung lebt der Mensch 81.244.167.214 10:11, 22. Mäe 2008 (UTC)