Diskussioun:Roger Thull

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

ween huet di korrekt Donnéeën?[Quelltext änneren]

laut dem Rosch sengen eegenen Opzeechnunge stëmme verschidde Klassementer net iwwereneen:

  • 1959 - 15. Stroosseweltmeeschterschaft
  • 1959 - 1. an der 5.Etap Tour d'Autriche
  • 1960 - 42. Olympiad Roum

--Lanncar 20:01, 21 Dezember 2006 (UTC)

Salut,

Hei si Quellen mat Informatiounen déi méi oder wéineger offiziell sinn an op déi ech mech baséiert hunn fir d'Ännerungen am Artikel ze maachen. Vun der Weltmeeschterschaft 1959 bei den Amateuren hunn ech kee komplett Resultat font.

De Fernand huet déi Donnéeën eventuell a sengem Archiv. --Fliedermaus 09:07, 22 Dezember 2006 (UTC)


  • Am Atikel steet bei "1961": "5. am Tour de l'Aquitaine" an am Palmarès vu Mémoire du Cyclisme steet bei "1962" eng 15. Plaz am "Circuit d'Aquitaine". Waren dat zwou verschidde Courssen oder ass do ëppes wat net stëmmt? --Fliedermaus 11:55, 22 Dezember 2006 (UTC)

Hie war Zaldot bei der Arméi an der Garde Grand-Ducale an deemols keng Zäit fir ze trainéieren well e keng Fräistellung kritt hun duerch Uersache wéi d'Garde bei dem Palais - Walferdéng oder an de Manöwer zu Bitche oder zu Sissone am Frankräich).[Quelltext änneren]

E puer Bemierkungen zu engem Saz, "deen nët an d'Dreckskëscht gehéiert":

  • De Sazbau ass net korrekt. Sou schwätzt kee Lëtzebuerger.
  • Wann ee Borscht Zaldot war, dann ass et wuel normal dass en dat bei enger Arméi war.
  • Déi Zäit (1948 - 1965) ware nach Dausende Lëtzebuerger bei der Arméi. Déi haten alleguer keng Zäit fir ze trainéieren an och keng Zäit fir hirem Beruff nozegoen an hunn dodurch Dausende vu Frang verluer. Et deet mer Leed fir de Roger Thull an och fir all déi aner.
  • E Manöwer zu Bitche oder zu Sissone huet nëmmen 3 Woche gedauert.

--Pecalux 14:58, 1 Januar 2007 (UTC)

Eng aner Saach: Wann dem Rosch seng Fra d'Lottchen ass, ass et da méiglech datt si Nettgen mat dem Familljenumm heescht. Wa jo kéint dat jo vläicht am Artikel stoen well Lottecher gëtt et jo méi wéi eent. Les Meloures 17:04, 1 Januar 2007 (UTC)