Diskussioun:S-Therapie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

merci fir d’Ännerung vum "d’Claude" an "de Claude"

ët war am Ufank nämlech en Meedchen fir déi Roll virgesin, mee daat ass herno ogesprong

pierre

Moie pierre,

et wier intressant, méi iwwert dee Film gewuer ze ginn: ass geplangt, en anzwousch ze weisen? Wou a wéini? An och e puer technesch Donnéeë feelen nach (Dauer, asw.). Merci, am viraus! --Zinneke 08:31, 13 Juni 2007 (UTC)

Soubal de Film fäerdeg ass wollt ech en direkt op DVD erausbrengen awer och enzwousch weisen (vläicht och am Kino). Bei der Dauer well ech mech nach nët festleen, ët wäert awer tëscht 40 an 60 Minutten daueren. --- pierre

An anere Wierder: Mir wëllen hei en Artikel iwwert e Film asetzen, deen et iwwerhaapt nach net gëtt. Dat ass awer net den Zweck vun enger Enzyklopedie. Wann de Film fäerdeg ass an ëffentlech virgefouert gëtt, dann huet dësen Artikel och eng Berechtegung, awer virdru net. Wat mengt d'Kommunitéit? --Pecalux 12:46, 13 Juni 2007 (UTC)

ech entschellegen mech wann ech ze seier virgegraff hat. wann de film dann am august-september fäerdeg, an opgefouert gin ass, dann kann een jo den Artikel erem drasetzen ... Bon waat bis elo fäerdeg ass, ass d'Dréibuch, de Logo, den Internetsite, d'T-Shirten, den Dréiplang an den Intro ... E Merci awer u jiddereen --- pierre