Diskussioun:Sarkoidos

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et war flott eng virbereeten Säit firzefannen! :)) Merci Cornischong! Bimbam 20:56, 29 Jan 2005 (UTC)


Dësen Link : Wikipedia.de  : http://de.wikipedia.org/wiki/Sarkoidose hun ech emol ënner Intern klasséiert, soll daat falsch, roueg verbesseren!Bimbam 21:00, 29 Jan 2005 (UTC)

Dat ass de Link op den Artikel an der däitscher Wikipedia. Déi ginn anescht gemaach: Wanns de lénks vum Artikel (am Rand) kucks, da gesäiss de "Aner Sproochen". Dat sinn d'Linken op Wikipedia-Artikelen an anere Sproochen. Am Artikel stinn ënner "Intern Links" d'Weeseiser op Artikelen, déi an der "Lëtzebuerger Wikipedia" stinn, an ënner "Extern", déi baussent de Wikipediaen sinn. Um Ufank ass dat alles e bësse vill :-)) Alles klaro? --Cornischong 21:07, 29 Jan 2005 (UTC)

Et ass mer bewosst, datt dat jo net esou einfach, zumools am Ufank! Ech sinn eigentlech nët mam Komputer opgewuess! Ech muss nach vill léieren! A wann ech guer nët méi eens ginn, wees ech ween ech ka froën. Merci! Bimbam 21:21, 29 Jan 2005 (UTC)

Grad dës Ännerung wollt ech nach froën! (déi mat der Warnung, roud Kräiz). Hei gët ee schéi verwinnt! Merci :)) Bimbam 10:13, 30 Jan 2005 (UTC)