Diskussioun:Schankemesser

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"beim Ausbeene gebraucht gëtt," : Tja, ech wollt op alle Fall laanscht den Ausdrock "Ausbeen" kommen, well dat typesch däitsch ass (die Gebeine ....), mam Lëtzebuergeschen awer näischt ze dinn huet. D'Anglosachsen hunn natierlech nach méi eng grouss Auswiel vu "Bonereien". Fir "eis" ass e Been e Been. Do stellt sech just d'Fro, ob et e Bee vun engem Stull, enger Stéiluucht oder engem Dësch ass. Ech geheien dat Ganzt léiwer elo an d'Arena, well wa mer dat ënnerdaach hunn, schlofe mer méi roueg. --Cornischong 16:12, 22. Abr 2008 (UTC)


Moien

Fro dann emol einfach däi Metzler wéi hien dofir seet. Vläicht schwätzt mäi Metzler kee gutt Lëtzebuergesch. Méi kann ech der elo net hëllefen. Les Meloures 16:39, 22. Abr 2008 (UTC)

Dowéinst hunn ech et jo Schankemesser genannt, an net Ausbee(n)messer. :-))) --Cornischong 16:42, 22. Abr 2008 (UTC)
Ech halen der dat wéinst dem Messer gutt, mee wéi gëtt d'Aktioun vum Schankeneraushuelen da soss genannt? Mengetwegen kanns d'ëtt och zréckzetze wann et der net gefällt. Les Meloures 16:52, 22. Abr 2008 (UTC)