Diskussioun:Schluecht vun Omdurman

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech weess net, mee ech hu Zweiwele bei deem Artikel hei -- ouni lo engem ze no ze trëppelen --, mee eng Arméi déi déi aner "besicht"? Ech verbesseren elo mol d'Feeleren, de Rescht ass fir déi déi et besser wëssen. -- Myriam 22:56, 11 August 2006 (UTC)

1.) "dësen Artikel ass nozekucken": E gesi keen Artikel. E gesinn zwéi Sätz. 2.) Wann ee sech ëm d'Internwikië gekëmmert hätt, da kéint ee gesinn, datt et den Ufank ass vun de-Wiki-Artikel. Do besicht och keng Arméi iergendeen, mee "Schlacht von Omdurman im Sudan besiegte am 2. September 1898 ...". --Cornischong 23:11, 11 August 2006 (UTC)

Schlëmmer: wisou ass de Link op der Englescher Wiki op Lëtzebuerg, a wisou as keen hei? -- Myriam 23:57, 11 August 2006 (UTC)

"wisou ass de Link op der Englescher Wiki op Lëtzebuerg, a wisou as keen hei?" Wou ass op der en-Wiki e Link "op Lëtzebuerg"? "Wien huet da bei eis e Link op en engleschsproochegen Artikel iwwerhaapt gemaach, wann ech drop klicken, fannen ech eraus, datt et keen Artikel an der en-Wiki gëtt? --Cornischong 00:06, 12 August 2006 (UTC)

Wisou ????[Quelltext änneren]

Wisou steet an der en-Wiki e Link deen "Schluech vun Omdurman" heescht???? A mat esou engem Schäiss verpelemperen ech hei meng Zäit!!!!!!!!!!! --Cornischong 00:14, 12 August 2006 (UTC)

Jo, mee dofir bass de jo do, oder? Du mechs dach de ganze Kontroletti hei, op dat der elo Spaass mecht oder net, mee du hues dech duerfir décidéiert, ech wéilt dat net maachen. -- Myriam 00:29, 12 August 2006 (UTC)

Dovun aafgesinn dass Feeler dra waaren (daat hu meng Artikelen och) ass den Ulaaf vum Ulaaf nit méi schlecht wei di aaner 200 Ulaafen vun Ulaafen déi mer hunn (oder ass et Uläef)

Hölleft deene Neien e bösselchen da gët daat och eppes Les Meloures 07:05, 12 August 2006 (UTC)

Jo, mee dofir bass de jo do, oder? Du mechs dach de ganze Kontroletti hei[Quelltext änneren]

Ass do een der Meenung, ech géif hei den Aarsch vum Déngscht spillen?? "Du mechs dach de ganze Kontroletti hei": Kënnercher, do mussen e puer Synapse falsch gepolt sinn!! Liest "Eis Schreifweis" duerch! D'Lidderechkeet huet anscheinend allerhand Boken op. D'Adminne sinn net dofir do, fir deenen aneren den Téi ze bréngen! Gëtt et net vläicht Zäit, fir d'Konditioune vun der Stee nees z'iwwerliesen. "Du mechs dach de ganze Kontroletti hei": Neen dat maachen ech net eleng. Heiansdo kënnt et mer vir, wéi wann ech mat deen Eenzege wier, dee géif Admin spillen, mee déi Topegkeeten do, si mer e bësse staark. Et kënnt mer vir, wéi wann et géif Zäit ginn, datt ech och emol "manner Zäit" hunn. Ech hoffen, dat war däitlech genuch. --Cornischong 07:22, 12 August 2006 (UTC)