Diskussioun:Schottland

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei hu mer erëm de Fall datt Stricher duerch Këscht laafen wann d'Kescht keng eegen Hannergrond-Farw huet. Ka vläicht e Këschtspezialist sech dodrëm këmmeren Les Meloures 23:45, 14 Dezember 2006 (UTC)


Begrëffer[Quelltext änneren]

Hmmm, ech muss meng Verbe wuel emool nokucken!

Et gëtt menger Meenong no hei e Probleem mat de politeschen a geografesche Bezeechnunge vun deenen Inselen déi tëschent Frankräich an de Färöer Insele leien dee mer hei opgefall ass:

Menges Wëssens no:

  • ass de richtege geographesche Begrëff "Brittesch Inselen", daat begrëfft an déi grouss Insel op däer England, Schottland a Wales (cf ënnen) leien; déi e bësse manner grouss Insel wou d'Republik Irland an Nordirland drop leien; d'Isle of Man, d'Isle of Wight, an e ganze Koup Insele vun den Isles of Scilly am Südweste bis Orkney a Shetland vierun Nordschottland.
  • "Groussbritannien" (Great Britain) ass (strikt gesinn) e reng geografeschen (net politesche) Begrëff vun der Insel wou England, Schottland a Wales dropleien (an eventuell déi Inselen déi direkt viedru leien). Am Moment beschreift den Artikel iwwer Groussbritannien allerdengs d'Kinnekräich Groussbritannien an Nordirland (cf ënnen!).
  • Politesch Entitéiten op de Britteschen Insele sinn d'onofhängeg Natiounen Republik Irland (Eire), an d'Kinnekräich Groussbritannien an Nordirland; déi brittesch Kroundependence Isle of Man (gehéiert net zu England oder dem Kinnekräich GB&N-IRL).
  • E Begrëff "d'Brittesch Insel" (wéi am Artikel iwwer Schottland benotzt) gëtt et net, daat misst "Groussbritannien" heeschen.

Natierlech ass daat alles just sou wéi ech et mengen ze wëssen, wann een et besser weess, soll e mech verbesseren an et soen ;-)

Well dee ganze Buttéck mier e bësse komplizéiert ass, hunn ech bis elo meng Fangeren davugelooss!

An op een elo "brittesch" oder "brittesch" soll schreiwen, doriwwer loossen ech aner Leit sech de Kapp aschloen!!!

nuecht, Harry-PC 23:58, 14 Dezember 2006 (UTC)

Ma do hues de nawell allerhand Recht. Gehei emol heiando e Bléck op Wikipedia:Eis Schreifweis ('t gëtt een net méi domm dervun). A well d'Briten näischt mat de Fritten ze sinn hunn, kréie se och neëmmen een "t". Nuecht --Cornischong 00:24, 15 Dezember 2006 (UTC)