Diskussioun:Schwäizer Messer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"ass e Multifonktiounsmesser dat vun der Schwäizer Firma Victorinox fabrizéiert gëtt.": Wéi dann dat? Wenger mécht der och. Wnger huet en Täschemesser, den "Giant knife 2007" mat 87 Geschir an 141 Funktiounen. An eng Fro:"neierdengs esouguer en USB-Späicher, oder en Altimeter." Wéi heescht de Modell vu Victorinox mat USB-Späicher? --Cornischong 22:06, 22. Abr 2008 (UTC)


Moien:

Wenger leeft vläicht nach als Markennumm, mee d'Firma Wenger S.A. gehéiert zënter 2005 der Victorinox. (Quell:Documentaire vun TV5Monde haut den 21 Abrëll um 17.00 Auer)

Modelle mat USB-Späicher.

Et wonnert mech datt déi Guggel dat net fonnt huet. Les Meloures 22:20, 22. Abr 2008 (UTC)

"Wenger leeft vläicht nach als Markennumm": Datt Wenger am Abrëll 2005 vu Victorinox iwwerholl gouf heescht net datt et Wenger net méi gëtt. D'Firma huet eng eege Websäit an en eegene Programm vu Messeren, Op hir Websäit kommen ech am ament net, mee "Die beiden Firmen sind die einzigen zulässigen Hersteller des bekannten Schweizer Taschenmessers.", zielt eis déi däitschsproocheg Wikipadia, déi einfach Recht huet. Mat anere Wierder: Dat "Schwäizer Täschemesser" gëtt vu Wenger a vu Victorinox febrizéiert. --Cornischong 23:34, 22. Abr 2008 (UTC)

Awer net oder vläicht dach?[Quelltext änneren]

Moien,
Dat hei ass ze leisen am Artikel Victorinox:
Zënter Victorinox d'Firma Wenger iwwerholl huet, ass et deen eenzege Produzent vu Schwäizer Täschemesseren, déi an der ganzer Welt als "Schwäizer Offizéieschmessere" bekannt sinn. Artikel geschriwwe vum Cornischong.
Huet déi däitsch Wiki elo net méi Recht oder sollt ech nëmme veraarscht ginn. Les Meloures 09:45, 4. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

"Wenger leeft vläicht nach als Markennumm" (vläicht!!) schreift hei een, dee emol kéint bei ( http://www.wenger.ch/knife/Welcome.html ) der Websäit vu Wenger nokucken, fir ze kucken ob et dat "vläicht" nach als Markennumm gëtt, amplaz sech all gudden Dag hei veraarscht virzekommen. Wann ech de SPIEGEL-Artikel liesen, d'Websäit vu Victorinox an déi vu Wenger komplett duerchliesen an de de-Wiki Artikel liesen, da sinn ech veronséchert, wéi mer dat eigentlech kënnen ausdrécken. @Les Meloures: Amplaz hei nees de Veraarschten a Beleidegten ze spillen, wier et net vu Muttwëll, eng Hand unzepake bei deenen Artikelen iwwer d'Offizéieschmesseren, en Ausdrock bei deem ech schonns d'Gefill hat, datt nees en Heckeschëtz nëmme géif drop laueren, datt ee sech verschreift, an eng Diskussioun unzefänken, ob dann elo wierklech Messere vun Offizéier sinn oder net. Ech hu wuel besser, e gi mech bei "déi aner" an d'Sonn leeën. Veraarsch dech léiwer selwer, well ech dofir keng Loscht a keng Zäit hunn.--Cornischong 10:09, 4. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Léiwe Cornischong
1) Deng Frechheeten datt ech mech selwer soll veraarschen kanns de ënnerwee loossen!!!
2) Elo op eemol kënns de der veronséchert vir. Wéi ech geschriwwen hunn d'Schwäizer Messer géif vu Victorinox produzéiert ginn, hues du dat, wéi et hei uewen driwwer ze liesen ass, kontestéiert. Elo schreifs de am Artikel Victorinox, datt déi Firma deen eenzege Produzent wier.
3)Wier et net vläicht besser gewiescht sech vun Ufank un veronséchert virzekommen. Ech hat nämlech net geschriwwen dat Victorinox deen eenzege Produzent wier.
4)Wouhir hëlls du der d'Recht fir mär ze soe wou ech eng Hand upake soll???????????????
Les Meloures 10:24, 4. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Léiwe Mataarbechter. "sollt ech nëmme veraarscht ginn". Neen, léiwe Mataarbechter, wéi ech dat schonns erklärt hunn, bleift mer dofir keng Loscht a keng Zäit. Déi weider Aarbecht um "Schwäizer Messer" (sic!)-Artikel iwwerloossen ech léiwer engem net veronsécherte Fachmann. Da kann deen déi "bis zu zéng kleng Handwierkgeschirer" mol nozielen. --Cornischong 11:20, 4. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


léiwer den Altimeter nees dran, datt kee sech veraarscht fillt[Quelltext änneren]

Wat soll dat Gespréich??????
Just fir de Fall, an deem ee sollt mengen déi Informatioun géif net stëmmen: Den Altimeter ass un de Modeller 1.3705 AVT Traveller an 1.7905 AVT Traveller Lite. Les Meloures 11:59, 4. Mee 2008 (UTC)[äntweren]