Diskussioun:Serie 21 SNCB

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wa mer d'CFL Maschinnen no de Serie nennen, wéi "CFL 1800" oder "CFL 2000", da kann dat schonn aliichten, wa mer awer déi belsch "Série 21 SNCB" nennen, da liicht mär dat net an. Firwat dann net "SNCB 21"? Dann hätte mer de selwechte System wéi mat den CFL Maschinnen. Am Fall vun "SNCB Serie 21" misste mer dann déi lëtzebuergesch "CFL Serie 1800" nennen. --Cornischong 23:25, 15 Juni 2007 (UTC)

Réservibilitéit ?[Quelltext änneren]

Misst dat net "Reversibilitéit" heeschen?
Gëtt et do kee besseren Ausdrock?
--Pecalux 05:25, 14. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Natierlech dach. Gutt gesinn. Les Meloures 08:03, 14. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


Net dat ech wéist. Wa mer tëscht dem franséichen "réversibilité" an dem däitschen "Wendezug" musse wielen, fannen ech, dat réversibel besser klengt. --Luxmaster051 23:15, 14. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Natierlech soll et dann awer reversibel geschriwwe ginn. Mä wéi een elo am Artikel gesäit geet et och dersonner.
Les Meloures 05:14, 15. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]