Diskussioun:Serie 25 SNCB

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech froen mech ob mer fir d'Serie 25.5 eng eegen Säit sollen opmaachen? Op den auslänneschen Siten ass et ënnerschiddlech: Di hollännesch Wiki schafft mat enger Säit, während di franséisch Wiki eng eegen Säit fir den Typ 25.5 huet.

--Luxmaster051 08:43, 26. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ech fannen den Artikel wéi en elo ass tiptop. Wann d'25.5. ausgebaut gëtt bleift net méi vill fir déi aner stoen, oder wann een en etleches iwwer d'25.5 stoe léisst, wat jo och misst sinn da maache mer deelweis double emploi. Ech denken e Redirect deen direct op d'Kapitel vun der 25.5 hiféiert an och kategoriséiert gëtt, an d'bäisetze mat dem selwechte Link an der belscher Lokomotivslëscht misst duergoen. Et ass just schued datt keng valabel Foto vun enger 25er opzedreiwen ass. Déi um Bild ass jo eng 25.5. wann ech mech net ieren. Les Meloures 16:47, 26. Nov. 2010 (UTC) Oups, autant fir mech, et steet drënner. Et ass wuel en neie Brëll fälleg :-) Les Meloures 16:49, 26. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]