Diskussioun:Sibelit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"eng gemeinsam Filial vun B Cargo, Fret SNCF, FF Cargo an CFL.": Eng Fro: Firwat ass et net eng Filial vun der "CFL Cargo"? Merci. --Cornischong 16:54, 14 Juni 2007 (UTC)

Dat hunn ech mech och gefrot. D'Donnéen hunn ech aus dem Rapport annuel 2005 vun der CFL, dee Mëtt 2006 erauskoum. Et kann awer sinn dass zu deem Zäitpunkt d'CFL-Cargo nach net bestanen huet. Dat ass awer net weider schlëmm, et kann ee jo zu jidder Zäit verbesseren. --Pecalux 17:18, 14 Juni 2007 (UTC)

Ma nawell. "CFL cargo a été constituée le 17 octobre 2006 par deux actionnaires à savoir ArcelorMittal et la Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois CFL avec une participation majoritaire pour les CFL et une participation à un tiers des actions pour Arcelor Mittal." zielt eis d' CFL cargo hei ( http://www.cfl.lu/CFLInternet/Espaces/03EspaceFret/20QuiSommesNous/03Entreprise/?wbc_purpose=Basic&WBCMODE=PresentationPublished ). --Cornischong 17:52, 14 Juni 2007 (UTC)

Am Artikel hunn ech verschidden Ännerunge gemaach, an dat op Basis vun de Publikatiounen am Mémorial C (Linken ënnen am Artikel).

D'Nimm vun de véier Gesellschaften (SNCB, FRET INTERNATIONAL, CFL a CFF CARGO), wéi se elo am Artikel stinn missten elo jo bal stëmmen.--Fliedermaus 18:04, 14 Juni 2007 (UTC)