Diskussioun:Siegfried I. vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hun e Problem mam Siegfried I.. No mengen Ënnerlagen hat de Siegfried I. nëmen ee Jong, de Siegfried II Kunuz. Siegfried I. ass am Mee 985 gestuerf an säi Fils koum op den Throun. Den 2. Siegfried hat, mat senger Fra Hedwig, 5 Jongen a 5 Meedercher. Heen ass den 28. Oktober 998 gestuerwen. Wat ass dann elo richteg? Meng Quell: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes vum P.J. Müller. --Carlos 17:03, 19 September 2005 (UTC)

Wat hate mer schonns mat deem "Kunuz" Gedeessems. Ech kucken dat nach no a melle mech. --Cornischong 18:00, 19 September 2005 (UTC)

Ech fannen déi Saach "elo" net erëm. Wann ech et begéinen, mellen ech mech. --Cornischong 22:04, 19 September 2005 (UTC)

Huet schonn een dat begéint? A "Luxemburg in Mittelalter und Neuzeit" vum Paul Margue aus dem Joer 74/78 steet, datt de Siegfried tatsächlech e Bouf mat deemselwechten Numm gehat hätt (d'fr-wiki kennt en och). Duerno fänken d'Onsécherheeten awer un, déi eng Historiker mengen, datt dee Bouf de Papp vum Kunigunde gewiecht wier, anerer wéi de Renn, den Uhlirz an de Brière mengen dogéint, datt en nach viru sengem Papp gestuerwe gewiecht wier a keng eege Kanner gehat hätt. Ech hätt och nach eng weider Fro: d'Preise komme mat 919 als Gebuertsdatum geschärt, weess een op dat stëmmt? Aner Säiten (z.B. [1]) schwätze vum Joer 922. --Otets 21:11, 17. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Hun daat Buch do net gelies. Mee hunn ob mindestens engem seriose Genealogie Site iwwert dei zwee Siegfriede gelies. Wann ech mech richteg erenneren goung et do och em sei vermeintlechen Doud and em d'Verbindung zu Bayern (am Kontext mat enger Hochzait zwou Generatioune mei speid dei speider annuleiert gouf). Am Endeffekt wesser mer kaum eppes iwwert dei zwee Siegfrieden (zwee gouf et secher).--Caranorn 22:20, 17. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Hun deen Artikel zereckfonnt, mee hu keng Zait en ze liesen. Hei as de Link [2].--Caranorn 22:28, 17. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Dee Link do huet et a sech, do si jo eng Hällewull Informatioune fir eisen Artikel dran. Och eng Erklärung iwwert de Kunuz (et wier deen éischte Siegfried, net deen zweeten). Just e puer Extraiten: Andererseits gab es gleichzeitig einen Siegfried, Sproß einer hochadeligen Familie, der im Nichts verschwindet. Es ist der 983 und 985 auftretende jüngere Siegfried von Luxemburg, ein Bruder der späteren Kaiserin Kunigunde. Angeblich sei er noch vor seinem gleichnamigen Vater gestorben; denn "wir hören seitdem jedenfalls nichts mehr von ihm" ... Von dem jüngeren Luxemburger Siegfried ist kein Todesjahr überliefert. Auf ihn paßt aber das Sterbejahr 1004, das bisher allein auf den Northeimer Grafen Siegfried bezogen wurde (bisher hat, soweit ich sehe, lediglich Victor Haag, Les origines de la premiere maison comtale luxembourgoise, in: T Hemecht 4, 1951, Seite 23-24 kurz erwogen, ob Siegfried, der Sohn des Luxemburger Grafen Siegfried, das Moselland verlassen, im Rheinland oder Westergau geheiratet, eine neue Linie gegründet haben und 1004 gestorben sein könnte. Angesichts des Fehlens weiterer Dokumente entschied Haag sich dann aber doch für die traditionelle Deutung, daß der jüngere Siegfried "est mort jeune, plusieurs années avant son père.") ... Wir dürfen hinzufügen, daß Siegfried im Jahre 982 auch eine Grafschaft im Gebiet von Northeim besaß. --Otets 00:31, 18. Mee 2008 (UTC)[äntweren]